Den Rubbarb muss net ëmmer séiss sinn!

Vu datt den Rubbarb zum Geméis gehéiert kann een en och ganz gutt mat häerzhaftem kombinéieren. Schéin ugebroden schmaacht en an enger leckerer Zalot mat Fenschel an Spinat. Dozou kennt nach een einfachen Balsamicoesseg an puer Réidercher.

Tipp: Geessekéis passt och ganz gutt bei dësen Zalot. Entweder bessen Feta doriwwer streeën oder gebaakenem Geessekéis-Scheiwen mat Hunneg dozou an dir hutt eng wonnerbar Entrée!

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Kachzäit: 10 Minutten

Fir: 4 Persounen als Beilaag

Ingredienten

2 Staangen Rubbarb
1 Fenschel Knoll
1 Bond Réidercher
500g jonken Spinat
1 Fréijoerszwiwwel
2EL Balsamicoesseg
2 EL Olivenueleg
Salz
Rosa Peffer 

Zoubereedung

De Rubbarb botzen an a 4 cm grouss Stécker schneiden.

D’Fenschel Knoll an 1 cm deck Scheiwen schneiden.

De Rubbarb an den Fenschel an enger Pan mat engem EL Olivenueleg ubroden. Den Rubbarb ass an puer Minutten fäerdeg, den Fenschel brauch bëssen méi laang.

Den Spinat botzen an gutt dreschen.

D’Réidercher a Fréijoerszwiwwel gutt wäschen an a ganz dënn Scheiwen schneiden.

Fir den Dressing den Balsamicoesseg mat engem EL Olivenueleg mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen.

Den Rubbarb an de Fenschel bëssen ofkillen loossen an wootlech mam Spinat an Dressing zerwéieren.