Ween Zalote gären huet, dee kënnt net drëm erëm fir verschidden Essegzorten auszeprobéieren.

Ma dofir muss ee sech net ëmmer deier Zorten am Buttek kafen, et kann een es och ganz einfach doheem aromatiséieren.

Fir dësen Esseg hunn ech Bratzelbléien benotzt. Aktuell bléie se jo iwwerall an den Gäert, ma iessen deet awer kee se. Fir eppes Guddes dorauser ze maachen, sinn ech op d’Iddi komm, doraus Esseg ze maachen. D’Bléien sinn Iessbar a kënnen och als Deko mat op d'Zalot kommen. Domat den Esseg ee gutt Aroma a seng schéi mof Faarf kritt, hunn ech no e puer Deeg nach puer Bléien dobäi gemaat. Wat méi Bléien drakommen, wat e méi faarweg an aromatesch gëtt.

Varianten: Dir kënnt verschidden Zorten vun Esseg probéieren fir de Bratzelbléien Esseg ze maachen. Dofir eegent sech all hellen Esseg, sou kennt dir och bestëmmen, wéi sauer ären Esseg méi spéit ass.

Virbereedungszäit: 5 Minutten

Dauer: 1 Woch

Fir: 1 Glas à 250ml

Ingredienten

Bratzelbléien (souvill wei an d’Glas passen)

200ml Esseg

Zoubereedung

1. Bratzelbléien mat den Bléien no ënnen duuss ofrëselen.

2. Bléien an ee sterilt Glas ginn a mam Esseg opfëllen.

3. Dat ganzt fir eng Woch zéien loossen.

4. No puer Deeg kann een nei Bléien dobäi ginn, doduerch gëtt d’Faarf vum Esseg méi intensiv.

5. Den Esseg duerch ee Sief ginn an eng steril Fläsch fellen.


D’Jill kënnt aus dem schéinen Éislek. Vu klengem un, konnt d’Jill eng ganz gutt Kiche genéissen, ma richteg ugefange mat kachen huet et eréischt wou et vun doheem geplënnert aus.
Aus der Noutwennegkeet gouf et eng Tugend, a séier huet d’Jill sech zu enger leidenschaftlecher Kächin entwéckelt. Eng besonneschen Accent setzt d’Jill op déi lëtzebuergesch a vegetaresch Kichen. Villes mécht hatt selwer a kacht haaptsächlech nëmme mat Produiten déi och an der Saison ze fanne sinn.