20. September860.000 Ufo-Fans wëllen Area 51 stiermen

RTL Lëtzebuerg
Nom Motto: "Si kënnen eis net all ophalen" hu sech eng 800.000 Leit an enger Facebook-Grupp zesumme fonnt. Hiert d'Zil: "Area 51" an der Wüst vun Nevada.
© Shutterstock

Et ass wuel dat gréisste Geheimnis vun den USA, wann net vun der Welt an e Mekka fir Verschwierungstheoretiker: D’Area 51 an der Wüst vun Nevada eng 100 Kilometer vu Las Vegas ewech.

De Ministère fir Verteidegung an d’Air Force hale villes geheim, wat hei passéiert. Dowéinst gëtt et scho zanter Joerzéngten Theorie, datt sech hei mat ausserierdeschem Liewe beschäftegt gëtt.

© Shutterstock

D’Leit wëlle wëssen, wat do passéiert, an aus deem Grond huet eng Persoun d’Facebooksäit “Storm Area 51: They can’t stop all of us” an d’Liewe geruff. D’Aktioun soll e Freideg, den 20. September duerchgefouert ginn a bis elo (14. Juli um 17 Auer) hu sech iwwer 860.000 Leit ugemellt, déi do wëlle matmaachen.

© Shutterstock

All d’Persoune solle sech dann beim “Area 51 Alien Center” treffen do spontan decidéieren, wéi een am Beschten dëse risege Komplex voll mat gutt equipéierten Zaldote kann anhuelen. Wéi vill Leit da schlussendlech do optauchen an op si wierklech d’Area 51 probéieren ze stiermen an all d’Geheimnisser ronderëm de Kontakt mat den Ausserierdesche kënne public maachen, bleift ofzewaarden.

Back to Top
CIM LOGO