De Permakulturgaart, deen zesumme mat der Gemeng Beefort entstanen ass, soll virun allem d'Verbindung zu der Natur an zu de Liewensmëttel nees hierstellen.

Och d'Educatioun spillt an der Permakultur eng wichteg Roll. D'Grondiddien an d'Ethik vun der Permakultur un déi nächst Generatioune weiderzeginn an dobäi de Mënsch erëm méi no bei d'Natur ze bréngen, dat ass d'Haaptzil vum Generatiounsgaart zu Beefort.

Serie Permakultur (5): Generatiounsgaart Beefort

D'Annick Feipel huet Konscht studéiert, ass awer dunn op d'Permakultur komm, wat net ganz wäit fort ass vu Konscht a Kultur. Och hei spillt d'Kreativitéit nämlech eng grouss Roll. Am Generatiounsgaart zu Beefort ginn dës Aspekter matenee verbonnen an dobäi gëtt och ee grousse Beitrag zum Klimaschutz an zum Erhale vun der Biodiversitéit geleescht.

RTL

© Jos Nerancic

Mir schaffen haaptsächlech mat den Zykle vun der Natur. Dat heescht, mir kucke se ze imitéieren a mir setzen da verschidde Systemer an d'Plaz, déi et der Natur erméiglechen, hiert eegent Gläichgewiicht erëm zeréckzefannen. Dobäi spillt de Mënsch och eng ganz wichteg Roll an dat dierfe mer net vergiessen. De Mënsch ass een Deel vun der Natur a mir probéieren duerfir, och de Mënsch ganz vill ze integréieren. Mir hu verschidde Méiglechkeete, wou mer elo zum Beispill mam No-dig schaffen, dat heescht: net gruewen. Mir hunn och Associatioune vu verschiddene gudde Planzen a brénge vill Diversitéit erëm zeréck. Mir schaffen esou am Fong och ganz aktiv fir de Klimaschutz. Zum Beispill sinn déi lescht dräi Joer immens vill Insekten zeréckkomm. Mir hunn et gepackt, de Buedem ze regeneréieren, deen haaptsächlech Sandbuedem ass. Mir hunn dësen esou regeneréiert, dass d'Mikroorganismen an d'Bakterien, déi do dra sinn, sech wierklech verbessere konnten. Da probéiere mer och alles, wat am Gaart ufält vu Matière erëm an de Gaart matanzebannen a sou den Zyklus zouzemaachen.

RTL

© Gerry Huberty

Dëse Permakultur-Gaart, deen zesumme mat er Gemeng Beefort entstanen ass, soll virun allem d'Verbindung zu der Natur an zu de Liewensmëttel erëm hierstellen.

D'Haaptzil vum Gaart ass eigentlech, dass mer zesumme mat de Schoulklasse schaffen, iwwer d'Thema Liewensmëttel. Wou kommen eis Liewensmëttel hier? Wat brauche se, fir kënnen ze wuessen? Mä et geet och dorëm, ze verstoen, wéi se schmaachen a wat een domat alles maache kann. Duerfir spillt d'Kichen an deem Ganzen eng grouss Roll. Meeschtens, wann d'Klasse kommen, komme si net nëmmen ee Mol, mä iwwert d'ganz Saison. Si kommen ëmmer erëm no hire Saache kucken, si kommen netzen, Onkraut rappen... Da baue mer och verschidde Saachen, ewéi zum Beispill Hochbeeter. An zum Schluss, wa mer an der Erntezäit sinn, da kache mer dat Ganzt a mir iessen dat zesummen. Esou kann een d'Relatioun zum Iessen nees hierstellen, well dacks gëtt net méi gewosst, wat wiisst zu wéi enger Joreszäit, an et mengt een ëmmer, d'Äerdbiere wären egal wéini am Joer prett. Dat heescht, et ass och e bëssen, fir dat Verstees-de-mech erëmzekréien, dass net ëmmer alles verfügbar ass dat ganzt Joer iwwer an dass esou, wéi et am Supermarché duergestallt gëtt, eigentlech déi onnatierlech Aart a Weis ass.

Et mierkt een, dass dës Verbindung tëscht Mënsch an Natur ëmmer méi verluer geet an eiser Gesellschaft an dofir ass et ëmsou méi wichteg, bei de Kanner unzefänken, fir dës Verbindung erëm hierzestellen. Dës Evolutioun vun de Kanner am Gaart ze gesinn, inspiréiert betount d'Annick Feipel.

Bei de Kanner mierkt een, dass wa se am Ufank an de Gaart kommen, dass se net méi déi Connectioun zu der Natur hunn, wéi mir déi zum Beispill fréier haten. Et geet haut e bësse verluer. D'Kanner sinn net méi esou vill dobaussen. Dat, wat mir oder ech zumindest erlieft hunn, wéi zum Beispill Hütten am Bësch ze bauen, de ganzen Dag dobaussen ënnerwee ze sinn an deng Elteren wossten net, wou s de bass, well s de keen Handy déi Zäit has. Dat gëtt et alles net méi sou richteg. Dat heescht, si verléiere vill dovunner an dat ass eigentlech och dat, wat mer wëllen zeréckbréngen. De Kontakt zu der Natur an de Kontakt zu dobaussen a sech eigentlech nees Eent fille mat deem Natierlechen, dat eis ëmgëtt. Bei de Kanner mierkt een elo zum Beispill, desto méi laang si kommen, desto méi kënnt dat och zeréck an desto méi wuel spiere si sech erëm mat deem, wat baussen ass. Dacks ass een nämlech deconnectéiert mat deem, wat baussen ass, an et huet een Angscht dovunner. Oder d'Wierm maachen Angscht an d'Insekte maachen Angscht. An dat sinn déi Saache, wou lues a lues erëm zeréckkommen an ee si léiert, dass dat eigentlech näischt Schlëmmes ass an dass dat d'Natur ass.

Dëse pedagogesche Permakulturgaart ass deen éischten Projet an dëser Form a soll och aner Gemengen a Schoulen inspiréieren, fir esou Projeten ze starten. Net nëmmen ass et eng Beräicherung fir Kanner an Erwuessener, mä et ass och ee Wee, fir de Klimaschutz aktiv ze verbesseren an d'Verbindung zu der Natur awer och zu de Mënschen ze reaktivéieren.

Weider Informatiounen iwwert de Gaart fannt Dir op Facebook

D'Serie am Iwwerbléck: