D'Sandy an de Vasco hunn déi lescht Joren alles versicht, fir hir Famill ze vergréisseren. Elo huet et geklappt an d'Sandy kuckt op déi fënnef Joer zeréck.

Am September 2017 entscheet déi jonk Koppel sech dofir, dass hir Famill méi grouss soll ginn. Si plangen hiert éischt d'Kand an d'Sandy setzt Pëll of. Ma richteg klappe wëll et mam Kannerkréien awer net. D'Sandy a säi Mann gi bei den Dokter, loosse sech beroden an et steet fest: Den Dram vum eegene Kand gëtt fir si zwee méi komplizéiert. Hire Kannerwonsch opginn, kënnt fir d'Koppel awer net a Fro. E laange Parcours geet lass.

Fir d'éischt hu si et mat enger Inseminatioun probéiert. No véier Versich ouni Resultat preparéiert d'Koppel sech op déi éischt In Vitro Fertilisatioun (FIV). Zweemol probéieren si et zu Lëtzebuerg, dräi weider Versich zu Bréissel. Am ganzen néng Mol krut d'Sandy en Embryo agesat. Keng einfach Zäit fir d'Koppel.

"Fir mech war d'Gefill vun der Schold dat schwéierst. Ech hu mech dacks gefrot, wisou mäi Kierper dat einfach net hikritt."

D'Traitementer huet d'Sandy eigentlech gutt verdroen, fir säi Mann war dat awer net einfach nozekucken. "Hien hat bësse Schwieregkeeten domat, dass ech dat Ganzt duerchmaache misst. All déi Sprëtzen, d'Punktiounen a sou weider. Mä mir hunn an eiser Koppel vill kommunizéiert an hunn dat bescht draus gemaach."

Opgi war fir d'Sandy an de Vasco keng Optioun. Och wann et net einfach war mat all de negativen Noriichten, d'Hoffnung ze behalen, hu si weider gekämpft.  "Dat eenzegt wat mir gehollef huet, war direkt de nächste Schratt ze plangen."

Am Mee 2022 koum dunn déi Noriicht, op déi si fënnef Joer laang gewaart hunn: Felicitatioun, et huet geklappt! No ganzer néng Versich a engem negative Resultat nom aneren, hunn d'Sandy an de Vasco et endlech hikritt.

Mëtt Februar 2023 ass hiert Wonner op d'Welt komm. "An et ass dat Bescht, wat ee kann hunn."

D'Koppel genéisst elo hiert d'Gléck. Deene Leit, déi dat selwecht duerchmaache wéi si et hu missen, well d'Sandy awer nach eppes mat op de Wee ginn: "Op alle Fall ni opginn. Mir wësse wéi schwéier et ass, d'Hoffnung net ze verléieren an all déi Traitementer duerchzemaachen, mee et ass der Wäert! Wierklech!"