Ëmmer méi Fraen a Koppelen hu Problemer beim Kannerkréien
Mir waren op Besuch an der Maternité vum CHL, méi genee an der PMA. Hei gi Fraen a Koppelen an an aus, well si Hëllef bei hirem Kannerwonsch brauchen.
Dem neie Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no huet 1 vu 6 Persounen am Laf vun hirem Liewe mat Onfruchtbarkeet ze kämpfen. Och zu Lëtzebuerg ass dat de Fall. An de lescht Jore brauchen awer ëmmer méi Fraen a Koppelen Ënnerstëtzung fir hire Kannerwonsch ze erfëllen.
Entscheet ee sech da fir medezinesch Hëllef, konnt ee sech soss an der Bohlerklinik wéi och am CHL beroden a behandele loossen. Virun zwee Joer huet d'Klinik Bohler dëse Service awer opginn, wat dozou féiert, dass een am Service Procréation médicalement assisté u seng Grenze stéisst.
600 bis 700 Invitro-Fertilisatiounszyklen, 500 gefrueren Embryo-Transferten a 400 Inseminatioune ginn an der PMA vum CHL all Joer gemaach. An domat sinn d'Kapazitéite vum Service och ausgelaascht. "Méi kënne mir definitiv net maachen an d'Waardezäite leie lo scho bis an de September eran.", esou d'Gynekologin Caroline Schilling, Chefdoktesch vun der PMA. "Et sinn awer och vill Gynekologen, déi hir Patientinne fir eng kënschtlech Befruchtung an d'Ausland schécken, well si zum Beispill do gutt Kontakter hunn oder d'Waardezäite méi kuerz sinn. Ënnert anerem och, well do d'Reegelen heiansdo aneschters sinn."
Wichteg Facteure beim Kannerkréien
An der Reegel ginn hei zu Lëtzebuerg just maximal véier Versich gemaach, ausnamsweis heiansdo och fënnef, wann et gutt Grënn ginn. Dës Weidere gëtt op d'Gewiicht vun de Patientinne gekuckt. Ënner- oder Iwwergewiicht ass nämlech ee vun de gréisste Problemer, wisou de Kannerwonsch bei jonke Fraen dacks net klappt. E BMI ënner 20 oder iwwer 35 ass net nëmme beim Versuch um natierleche Wee kritesch, mee och bei der kënschtlecher Befruchtung problematesch.
Ma och ze vill Sport kann d'Fruchtbarkeet beaflossen, sou wéi och déi typesch Facteure wéi Tubak-, Drogen- an Alkoholkonsum.
De gréissten Afloss op eng potenziell Schwangerschaft, nieft der Qualitéit vum Sperma vum Mann, huet awer ëmmer nach den Alter vun der Fra. A genee dat ass mat ee vun de Grënn, wisou ëmmer méi Koppele medezinesch Ënnerstëtzung bei hirem Kannerwonsch brauchen. D'Fraen, besonnesch an eiser Gesellschaft, wëllen a kréien ëmmer méi spéit Kanner. Fréier gouf ee mat 18 bestuet a krut kuerz drop den éischten Nowuess. Elo gëtt fir d'éischt mol geléiert, studéiert, eventuell Karriär gemaach. Dat réckelt de Kannerwonsch bei ëmmer méi Koppelen ëm e puer Joer no hannen. An déi "puer" Joer maache beim Kannerkréie vill aus.
Bei enger Fra am Alter tëscht 20 bis 30 läit d'Chance schwanger ze ginn all Mount bei 20 bis 25 Prozent. Am Alter vu 40 geet d'Probabilitéit vun enger Schwangerschaft an engem Zyklus op 10 Prozent erof. Spéitstens mat der Menopause ass eng natierlech Schwangerschaft fir Fraen an der Norm net méi méiglech.
Bei de Männer ass et änlech. Och wa si theoretesch hiert d'Liewe laang Kanner maache kënnen, si si an hiren 20er am meeschte fruchtbar. Am Alter hëlt d'Qualitéit vun de Spermien of.
An iwwerhaapt: Klappt de Kannerwonsch net, sou läit de Problem net ëmmer bei der Fra.
Läit de Problem vun der Onfruchtbarkeet beim Mann, sou ass meeschtens d'Qualitéit vum Sperma net gutt genuch fir eng Schwangerschaft um natierlech Wee. Am Normalfall sinn an engem Milliliter Sperma op d'mannst 15 Millioune Spermien. Ass d'Unzuel u Spermien méi kleng oder d'Aktivitéit vun de Spermien net gutt genuch, kann een am Labo nohëllefen. Hei gëtt de Sperma vum Mann an enger Zentrifug a seng Eenzeldeeler zerluecht, sou dass een d'Spermie weider opbereede kann.
Medezinesch Ënnerstëtzung op 3 Niveauen
D'Aleedung vum Eesprong
Am beschte Fall läit de Problem beim Kannerkréie just beim Eesprong vun der Fra. Dëse Problem kann dann duerch eng medikamentéis Stimulatioun behuewe ginn. Ma opgepasst: "D'Fra soll sech dëst d'Traitement net einfach verschreiwe loossen, mee wärend dem Traitement reegelméisseg vun engem Fraendokter suivéiert ginn. Wéi staark de Problem vum Eesprong ass, ass vu Patientin zu Patientin anescht an d'Medikamenter mussen eventuell am Laf vum Traitement ugepasst oder geännert ginn", erkläert d'Dr Caroline Schilling.
Kënschtlech Inseminatioun
Dës Method kann a Fro kommen, wann de Mann zum Beispill Problemer bei der Ejakulatioun huet, Sperma vun engem Spender genotzt gëtt oder de Grond vun der Onfruchtbarkeet net bekannt ass. Heibäi gëtt da wéi virdru scho beschriwwen de Sperma vum Mann preparéiert. Dëse gëtt da mat Hëllef vun engem Katheeter direkt an den Uterus vun der Fra agefouert.
In-Vitro-Fertilisatioun
In-Vitro heescht "am Glas". Dat heescht, d'Eezell vun der Fra an d'Spermie vum Mann treffe bausse vum mënschleche Kierper openeen. Bei der klassescher Variant ginn e puer Eezellen aus der Fra erausgeholl an an enger Petrischuel preparéiert. Da kommen d'Spermien dobäi a se gi gewäerde gelooss. Ass duerno eng Eezell befrucht, gëtt se der Fra an den Uterus gesat. Wann och dat net klappt gëtt en ICSI gemaach.
De Käschtepunkt
Zu Lëtzebuerg huet een déi grouss Chance, dass d'kënschtlech Befruchtung an der Reegel vun der Krankekeess rembourséiert gëtt, an dat bis 43 Joer. Och wann d'Patiente sech an den Nopeschlänner behandele loossen, kënnt d'CNS an de meeschte Fäll dofir op.
Gëtt den Traitement dann net rembourséiert, muss een déif an d'Täsch gräifen. Ëm déi 8.000 Euro kascht eng In-Vitro-Fertilisatioun. Kommen dann nach genetesch Tester dobäi, läit ee séier bei iwwer 10.000 Euro. An och d'Medikamenter sinn e Käschtepunkt.
Ganz verschidde "Clientèle"
D'Leit, déi sech un d'PMA wennen, fir sech hire Kannerwonsch ze erfëllen, sinn net ëmmer eng Koppel, déi aus Fra a Mann besteet. Si maachen awer de gréissten Deel vun de Patienten an der PMA aus. Bei den eelere Koppelen ass et dann dacks de Fall, dass scho Kanner an der Famill sinn, d'Fra a Mann vun hirem fréiere Partner getrennt sinn an elo an hirer Patchwork-Famill nach gären en eegent Kand wëllen. Bei de méi jonke Koppelen ass et ëmmer méi dacks de Fall, dass d'Eeërstäck vun der Fra net richteg schaffen. Hei kënnt dacks just eng Eezell-Spend a Fro.
Ëmmer méi heefeg ginn hei awer och elengstoend Frae consultéiert an traitéiert, déi zwar kee Partner hunn, ob hiren Kannerwonsch awer net verzichte wëllen. Si hunn d'Méiglechkeet mat Hëllef vun enger Some-Spend hiren Dram ze erfëllen. Hei gëtt dann dacks direkt eng In-Vitro Fertilisatioun gemaach, well dës Fraen heefeg schonn e gewëssenen Alter hunn. Ronn 5 Prozent vun den In-Vitro-Fäll sinn elengstoend Fraen.
Och lesbesch Koppele mussen op eng Some-Spend zeréckgräifen, fir sech hire Kannerwonsch ze erfëllen. Hei gëtt dacks eng klassesch Inseminatioun gemaach. 30 Prozent vun den Inseminatioune gi mat Spendersome gemaach. Dovu si ronn d'Hallschent lesbesch Koppelen.
Interessante Fakt dozou: Lëtzebuerg huet keng eege Somebank, well d'Land ze kleng an d'Populatioun ze konzentréiert ass. Et géif sech op der enger Säit also net lounen, an op der anerer Säit wier de Risk ze grouss, dass d'Spend vun engem kënnt, deen ee kennt.
Net all Versuch e Succès
D'Fraen a Koppelen hunn dacks schonn e schwéiere Wee hannert sech, wa si bis an der PMA vum CHL landen. A souguer hei mat all medezinescher Hëllef ass eng Schwangerschaft net garantéiert. Manner wéi all drëtte Versuch ass e Succès. Wéi bei der natierlecher Schwangerschaft spillt och beim Erfolleg vun enger kënschtlecher Befruchtung den Alter eng Roll.
"Ëmsou méi schéin ass et, wann et da klappt", erzielt eis d'Hiewan d'Delphine Carli. Dass sech vill Patienten no enger erfollegräicher Befruchtung net méi beim Personal vun der PMA mellt, wier zwar traureg, well ee keng Nouvellë vum weidere Verlaf kritt, et hätt een awer vill Verständnis dofir. "De ganze Prozess ka Joren daueren an d'Patientinnen an hire Partner enorm belaaschten. Et ka souguer traumatesch sinn. Dass d'Leit no der Schwangerschaft einfach wëlle mat dem Kapitel ofschléissen, kann ech gutt novollzéien", sou d'Delphine Carli.
Ma och d'Personal vum Labo ass mat Häerzblutt dobäi.
E ganzen Iwwerbléck zum Sujet kënschtlech Befruchtung mam geneeëm Oflaf an der PMA vum CHL a weideren Informatiounen fannt Dir hei.