De Park Sënnesräich

© Image Park Sënnesräich
E Sonndeg geet et an de schéinen Norden op Lëllgen. Do huet 2017 de Park Sënnesräich seng Dieren opgemaach, e Fräizäit- an Erhuelungspark fir d'ganz Famill
Dëse besteet aus 5 Beräicher, dorënner e Matmaach-Musée, dat heescht e Musée mat interaktive Statiounen, déi déi 5 Sënner an d'Gehier traitéieren. D'Ausstellung am Musée erlaabt de Besicher sou hir Sënner ze testen, respektiv ze schäerfen. Hei geet et engersäits ëm Waasser, Stroum a Kraaft an anerersäits ginn et hei och eng Rei Experimenter ronderëm eis 5 Sënner. Dat ass awer nach net alles, d'Elisabeth Fretz, Responsabel vum Park Sënnesräich:
"Da befënnt sech awer och am Banneberäich en Airtramp. Fir all déi, deenen en Airtramp elo kee Begrëff ass: en Airtramp ass e grousst loftgefëllte Këssen, an eisem Fall vun 10 op 10 Meter, änlech wéi e groussen Trampolin. A schlussendlech befënnt sech dann och e Restaurant, de Bistro Sënnesräich, deen op regional a saisonal Produite setzt, am Gebai."
Am 2,5 Hektar grousse Bausseberäich vum Park Sënnesräich befënnt sech dann nach de Sënnesgaart.
"Do erwaarden d'Besicher ënnert anerem eng Spillplaz, e Buerféiss Wee, e Multisports Terrain, eng Seelbunn, en Heckelabyrinth an e Weier. A säit 2022 komplettéiert d'Maislabyrinth d'Offer vum Park Sënnesräich. An deem Maislabyrinth bleiwe mir dem Ausstellungskonzept vun eisem Matmaach-Musée trei, dat heescht wéi den Numm et scho seet, soll dësen zum Matmaachen animéieren."
De Maislabyrinth ass nach bis de 17. September op, de Matmaach-Musée dofir awer dat ganzt Joer iwwer. Et sief dann nach gesot, dass de Park Deel vum Lëllger Gaart ass, engem Atelier protégé:
"Deemno schaffe bei eis am Fräizäit- an Erhuelungspark ronn 14 Persoune mat geeschteger Behënnerung. Et sinn also haaptsächlech Mataarbechter mat enger Beanträchtegung, déi d'Besicher beispillsweis an der Keess zerwéieren oder eben de Fonctionnement vun deene verschiddenen Experimentéierstatiounen erklären."
De ganze Park ass iwwregens och rollstullgerecht amenagéiert an ass dat ideaalt Zil fir en Dag an der Famill.
Um offizielle Site vum Park Sënnesräich fannt Dir all d'Informatioune genee sou wéi d'Ëffnungszäite vum Park.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide
Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech
Den Tipp vun e Mëttwoch:Performance-Brunch "Patati Patata"
Den Tipp vun en Donneschdeg:Post History T'Our Night Edition
Den Tipp vun e Freideg: Summerdream Festival zu Stengefort
Den Tipp vun e Samschdeg:Äischdall-Trail