Nächsten Dënschdeg organiséieren d'Äischdall-Leefer zesumme mat de Pompjeen aus der Gemeng Habscht déi 12. Editioun vum Äischdall-Trail.

Summer-Agenda: Äischdall-Trail

E Parcours, deen den Organisateuren no gutt ze lafen an ze trëppelen ass, well et geet iwwert d'Vëlospist an de Bësch wou et, engem Trail entspriechend, dann natierlech och e bëssi erop an erof geet, éier een nees zu Äischen beim Centre sportif ukënnt. Hei ginn dann och direkt e puer Distanze proposéiert.

Jacques Diederich: "Do huet een d'Méiglechkeet tëscht 6, 11 an 21 Kilometer ze wielen an dat souwuel beim Lafe wéi och beim Nordic Walking. Un eis méi kleng Leefer a Leeferinnen hu mir och geduecht, sou dass mir eng Kannercourse vu 500 an och vun 1000 Meter organiséiert hunn."

Den Depart vum Äischdall Trail ass da moies.

"'D'Nordic Walker kënnen ab 9 Auer fortgoen. Bei der Lafcourse gëtt mat de Kannercourssen ugefaangen, wou de Start vun de 500 Meter um 9.30 Auer a vun den 1000 Meter um 9.40 Auer ass. De Startschoss fir déi 11 an déi 21 Kilometer fält dann um 10 Auer a fir d'Leefer a Leeferinnen, déi déi 6 Kilometer lafen, gëtt et dann um 10.10 Auer seriö."

Mat Chippe gëtt gekuckt wien am Séierste war an natierlech ginn et och Präisser fir déi Bescht.

"Natierlech kréien och déi puer éischt e Präis. Bei den 11 an 21 Kilometer sinn dat déi 8 éischt a bei deene 6 Kilometer sinn et déi 5 éischt."

A bei de Kannercourssen ass et esou, dass jiddereen, dee matmécht, e Präis kritt. No der Course ass hei awer nach net Schluss.

"Bis an den Nomëtteg eran ass dann och op dëser Plaz mat engem super Catering an Animatioun, wéi och enger Museksgrupp oder der Méiglechkeet sech gratis masséieren ze loossen, fir alles gesuergt, sou dass mir do e flotten Dag zesumme verbrénge kënnen."

Duschen a securiséiert Vestiairë sinn och virgesinn. Umelle kann ee sech ganz einfach online an dat bis e Samschdeg nach mat. Vun e Sonndeg un ass dat dann nach sur place méiglech. A wann Dir Äre Mupp wëllt mathuelen, dann ass dat och kee Problem. E soll just un der Léngt bleiwen, fir déi aner Leefer net ze stéieren.

Umelle kënnt Dir Iech nach séier um offiziellen Internetsite. Do fannt Dir och nach eng Kéier all d'Informatioune ronderëm den Trail.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide

Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech

Den Tipp vun e Mëttwoch:Performance-Brunch "Patati Patata"

Den Tipp vun en Donneschdeg:Post History T'Our Night Edition

Den Tipp vun e Freideg: Summerdream Festival zu Stengefort