Datt Playmobil-Figuren net just Kanner eng Freed maachen, kann een dëse Weekend op der 16. Editioun vun de LuxPlaymoDays zu Käerjeng erliewen.

Jidderengem missten déi kleng Playmobil-Figuren a Landschaften e Begrëff sinn. Entweder well ee selwer als Kand domadder gespillt huet oder well ee Kanner hat oder huet déi Freed domadder hunn. Dass dës Spillsaach awer net nëmmen de Kanner Freed mécht, kann een dëse Weekend op der 16. Editioun vun de LuxPlaymoDays zu Käerjeng erliewen.

Summer-Agenda: LuxPlaymoDays 2023

E Samschdeg an e Sonndeg dréit sech am Centre Sportif "Op Acker" effektiv alles ronderëm de Playmobil. Organiséiert vun de Playmo-Frënn Lëtzebuerg, probéiert een hei all Joer de Visiteur mat neie Maquette vu Playmobil-Landschaften ze begeeschteren. De Claude Hengel, President vun de Playmo-Frënn Lëtzebuerg:

"Dëst Joer hu mer och nees eng wonnerschéin Ausstellung organiséiert. Mir hunn 21 Maquette vun enger Gréisst vun 2m2 bis 28m2, mat ganz verschiddenen Theme wéi Western, Belle Epoque, Yuma. Dann hu mer een Adventure-Mini Golf, mir hu City, mir hu Piratelandschaften, mir hunn e bëssi vun allem. Eng ganz variéiert Ausstellung."

An déi ass net nëmme bei de Lëtzebuerger Sammler immens beléift.

"Mir hunn och dëst Joer nees Aussteller aus 6 verschidde Länner. Se kommen aus Spuenien, Frankräich, Belsch, Holland, Däitschland an natierlech Lëtzebuerg."

A well déi Maquettë sech net vum selwen opriichten, huet een da well en Donneschdeg mat der Mise en place ugefaangen. Ma éier een dës dem Public presentéiere kann, stécht awer scho richteg vill Aarbecht dohannert, déi well méintlaang am Viraus ugeet:

"Dat Ganzt fänkt u mat enger Iddi an da mécht ee Skizzen an da muss ee kucken, wéi grouss et gëtt. A wann ee sech bis op eng Iddi festgeluecht huet, da kënnt den Dekor an da muss een och kucken, dass een déi néideg Playmobilstécker dorëmmer fënnt, sief et als Ersatzdeeler, déi ee bestellt bei Playmobil, oder eben och gebrauchte Playmobil opkeeft bis dass een dann dat alles zesummen huet."

Nieft de Maquettë fënnt hei awer och all Playmobil-Fan, wat e brauch:

"Mir hu ronderëm eng 100 Dëscher mat 22 Verkafsstänn. Do fënnt ee wierklech vun allem, vun alen zouene Këschten, Sammelobjeten, awer och ganz vill Occasiounsmaterial an eenzel Stécker, wou jiddereen eppes ka fannen, wat e brauch oder sicht."

Donieft gëtt hei och eng Tombola organiséiert, bei där et, wéi sollt et och anescht sinn, Präisser vu Playmobil ze gewanne gëtt. Den Erléis vun dëser Tombola geet iwwregens un d'UNICEF, respektiv un d'Kanner, déi an der Tierkei an a Syrien vum Äerdbiewe betraff sinn.

D'LuxPlaymoDays sinn e Samschdeg an e Sonndeg vun 9 bis 18 Auer op an si fir Grouss a Kleng, Leit am Rollstull oder Leit mat Poussetten ouni Problem zougänglech. Fir de Kascht suergt de BBC Hedgehogs Bascharage.

Weider Informatiounen zu dësem Event fannt Dir um Site vun de Playmo-Frënn.

RTL

© Playmo-Frënn

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass

Den Tipp vun en Dënschdeg: Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"

Den Tipp vun e Mëttwoch: Mam Solarboot um Stauséi

Den Tipp vun en Donneschdeg:"Mähdreschercross" zu Rammerech