18.000 Euro a 60 Deeg am Bett fir d'Raumfaart-Fuerschung

© Shutterstock/Haldrian
Den däitschen Institut fir Loft- a Raumfaartmedezin (DLR) sicht no Benevollen fir eng Etüd iwwer d'Auswierkunge vun der Schwerelosegkeet op de Kierper.
Astronauten, déi zeréck op d'Äerd kommen, hunn eng ganz Ekipp, déi sech no der Landung ëm si këmmert. Wa si um Mound landen ass awer keen do, deen hinnen ënnert d'Äerm gräift. D'Astronaute sinn op sech eleng gestallt a musse kucken, wéi si mat de Konsequenze vun der Schwerelosegkeet eens ginn: Schwindel, Onsécherheet op de Been a Koordinatiounsprobleemer.
An Zesummenaarbecht mat der NASA wëll den DLR elo erausfanne wisou dat esou ass a wat dogéint hëlleft. An deem Kader lancéiere si am September 2024 eng nei Etüd a sichen dofir am Ament no 12 Leit.
Wéi leeft d'Etüd of?
Einfach an d'Bett leeën an esou d'Fuerschung weiderbréngen? Esou einfach ass et net. "D'Participante leien net nëmme 60 Deeg am Bett. D'Bett ass esou gekippt, datt de Kapp sechs Grad méi déif läit wéi d'Féiss", erkläert den Dr Edwin Mulder, deen d'Etüde vum DLR leet. Dermat sech de "Weltraum-Effekt" op der Äerd bemierkbar mécht, musse sech d'Flëssegkeeten am mënschleche Kierper verschiben.
Den Drock am Kapp gëtt méi grouss, et baut ee Muskelen a Schanken of, de Gläichgewiichtssënn ass gestéiert an den Häerz-Kreeslaf-System verännert sech. An dat sinn nëmmen e puer Auswierkunge vun der laanger Zäit am Bett.
Wien trotzdeem nach matmaache wëll, dee muss sech 88 Deeg Zäit huelen. Dovu verbréngt een der 60 am Bett. Wärend deenen éischte 15 Deeg soll ee sech aliewen an déi lescht zwou Wochen, no der Zäit am Bett, verbréngt een an der Reha. Hei gëtt een nees fit gemaach fir den Alldag.
Wärend deem ganzen Zäitraum wunnt een an engem Eenzelzëmmer am Fuerschungsgebai vum DLR zu Köln. Dräi Méint duerno muss een nach eng Kéier fir eng Analys zeréck.
Déi éischt Campagne ass am September 2024, eng zweet wäert et am Abrëll 2025 ginn.
Dat erwaart ee wärend deene 60 Deeg am Bett
Iessen, Duschen, Fräizäitbeschäftegungen an op d'Toilette goen. Dat alles mécht ee wärend een am Bett läit. Eng Ekipp vu Fuerscher passt op, datt een net opsteet an net de Kapp hieft. An och wat een ësst, dat kann een net selwer decidéieren.
Weider ginn déi 12 Leit, déi matmaachen, a véier Gruppen opgedeelt. Déi dräi éischt Gruppe maachen all en ënnerschiddlechen Training, fir ze kucken, wéi eng Übungen am meeschte bréngen. D'Persounen an der véierter Grupp maachen näischt. Wien a wéi eng Grupp kënnt, dat gëtt per Zoufall decidéiert.
Wéi eng Bedéngunge muss een erfëllen?
D'Participante mussen tëscht 24 a 55 Joer al sinn, eng Kierpergréisst tëscht 1,53 Meter an 1,90 Meter hunn an e BMI tëscht 18 an 30. Weider muss ee gesond sinn, net fëmmen a gutt Däitsch schwätze kënnen.
Als Entschiedegung kritt een 18.000 Euro.
Melle kann ee sech iwwert d'Websäit vum DLR, wou een e Questionnaire ausfëlle muss. Duerno muss een online un enger Informatiounsversammlung deelhuelen, e psychologesche Questionnaire ausfëllen, en Interview iwwer Telefon ginn a sech zu Köln medezinesch ënnersiche loossen.