
Wéi mer vun engem Aenzeien, dem David Heil, confirméiert kruten, koum den Haaland mat enger Rei Akafstuten a Bodyguarden aus engem Luxusgeschäft, ier en du gemittlech duerch d’Stad getrëppelt ass. Den David Heil huet sech dunn och net d’Geleeënheet huele gelooss, fir e Selfie mam Rekord-Goalgetter vun der Premier-League-Saison 2022/23 ze knipsen.
Wat den Erling Haaland genee zu Lëtzebuerg mécht, ass bis ewell net gewosst, op alle Fall kommentéiert hien net d’Champions-League-Halleffinall tëschent dem FC Bayern München a Real Madrid. Dat maachen den Owend fir Iech de Jeff Kettenmeyer an de Paul Philipp, vun 21 Auer u live um RTL ZWEE, op RTL.lu an op der App.