De Lëtzebuerger Marché vun den Influencer ass nach ëmmer relativ bescheiden an awer hunn der puer ënnert hinnen et gepackt, sech ze etabléieren.

Restauranten testen an dobäi och nach Sue verdéngen - en Dram, dee fir verschidde Leit an Erfëllung geet. Den Almin Hrkic geet op Instagram an TikTok am Moment viral. E puer Zéngdausend Leit kucke seng Videoen, an deenen et virun allem ëm Iesse geet.

Mir hunn hie bei senger Aarbecht begleet. E Restaurant um Belval huet hie gebucht, fir datt hien dësen teste kënnt an duerno post de "Mood", wéi hien an de soziale Medien heescht, dann e Video iwwert seng Experienz. Sou richteg aktiv op de soziale Medien ass hie wärend Corona ginn an deene leschten dräi Joer ass hien och relativ séier gewuess.

Gewosst ass, datt den Almin Hrkic Sue fir seng Aarbecht op Instragram, TikTok a Co. kritt. Wéi vill weess hien awer net, an och net fir all Video géing hie bezuelt ginn. Dräi bis véier Restaurante géing hien den Ament de Mount testen, hie mécht awer soss och Collaboratioune mat anere Partner.

Iwwer 23.000 Leit followen him eleng op Instagram. De Video iwwert dëse Restaurant gouf op Instagram bal 120.000 Mol an op TikTok 53.000 Mol gekuckt. Do gesäit een, wéi een Impakt een als Content Creator haut kann hunn.