Iwwer 21 Millioune Follower
Youtube-Berüümtheete "Sidemen" entdecken de Grand-Duché
Déi brittesch YouTube-Grupp "Sidemen" ware viru Kuerzem zu Lëtzebuerg an hunn dobäi nawell Opmierksamkeet op sech gezunn.
D'"Sidemen", déi eng 21,5 Milliounen Abonenten op YouTube hunn, hu sech dobäi gefilmt, wéi si an zwou Gruppen eng Course duerch "dat räichste Land op der Welt" gemaach hunn.
Stand 9.30 Auer um Méindeg de Moien war de YouTube-Video vun de "Sidemen" grad emol 12 Stonnen online an hat scho ronn 2,3 Millioune Views gemaach.
De Britten hir Presenz ass zu Lëtzebuerg dann och net onbemierkt bliwwen. Virum Buttek vun enger Luxus-Mark an der Groussgaass huet sech séier eng Grupp vu Leit gebilt, déi ee Bléck op d'YouTube-Stärercher geheie wollten.
Sidemen tiktok
Am meeschte gelies