D'Diana, Princess of Wales, ass viru 27 Joer zu Paräis gestuerwen
Sonndes den 31. August 1997 gehéiert fir vill Leit zu deenen Deeg, bei deenen ee weess, wat ee gemaach huet a wou ee war, wéi dës Nouvelle koum.
Weltwäit war an ass d'Mamm vum brittesche Krounprënz William a sengem Brudder Harry als "Princess Diana", "Lady Diana" oder "Lady Di" bekannt. D'Ex-Fra vum aktuelle Kinnek Charles III. gouf als Diana Frances Spencer den 1. Juli 1961 zu Norfolk am Oste vun England gebuer. 1975 krut si als Teenager den adelegen Titel "Lady", nodeem hire Papp zum Earl, also engem Grof, ernannt gouf. Zu enger Prinzessin gouf si dunn, wéi si den 29. Juli 1981 de Fils vun der deemoleger englescher Queen, den Charles, Prince of Wales, bestuet huet.
Mat dëser Hochzäit huet d'Diana vill Flichte missten iwwerhuelen a gouf zu enger Persoun, déi a Groussbritannien awer och weltwäit an der Ëffentlechkeet stoung. D'Prinzessin war beléift bei de Leit an hat iwwerall op der Welt vill Supporter an huet sech fir vill Organisatiounen an de gudden Zweck agesat. Esouguer no hirer Scheedung am August 1996 vum Prënz Charles ass si nach ëmmer als Member vun der "Royal Family" ugesi ginn a konnt den Titel vun der Prinzessin halen.
Bei engem trageschen Accident, iwwert deen haut nach ëmmer vill spekuléiert an et déi verschiddenst Theorie ginn, ass si den 31. August 1997 gestuerwen. Kuerz viru Mëtternuecht um 30. August war si an en uergen Accident verwéckelt, wéi hiren Auto mat héijer Vitess am Tunnel vun der Place de l'Alma bäigaangen ass. D'Prinzessin gouf nach an e Spidol bruecht, wou si zwou Stonne laang operéiert gouf. Um 3 Auer um Moie vum 31. August gouf hiren Doud offiziell deklaréiert. Hire Partner, den Dodi Fayed, wéi och de Chauffer vum Auto hu béid och net iwwerlieft. De Bodyguard vun der Koppel gouf deemools schwéier blesséiert.
Nach de selwechten Dag gouf hire Sarg zeréck an England bruecht, dat vun engem brittesche Militärfliger. U Bord war och hiren Exmann Charles esou wéi zwou vun hire Schwësteren. De 6. September war dunn hiert d'Begriefnis an der Westminster Abbey.