Artisanaalt Schaffen am Stol an Holz. D'Handwierk vum Armurier gëtt haut just nach vereenzelt ausgeüübt.

Mä wéi gesäit de Beruff aus a wou entwéckelt e sech hin? E schafft mat grousse Maschinnen a feinem Geschier, esouwuel am Metall ewéi och am Holz. An e verbréngt Honnerte vun Aarbechtsstonnen an der Hierstellung vun engem eenzegen Unikat. D’Handwierk vum Armurier ass Joerhonnerten al a vun Traditioun gepräägt, ma wéi gesäit et hautdesdaags aus?

De Philippe Graff schafft zanter 6 Joer als Béchsemécher. Op säi Beruff ass hien iwwert seng Passioun zu der Juegd komm. No senger Grondausbildung huet hie sech op d’Schäfterei spezialiséiert - also op d’Holzaarbechten - speziell vu Juegdwaffen. D’Produktiounsdauer vun engem Gewier ka jee no Modell staark variéieren: Vun 250 Stonnen, bis hin zu Waffen, un deenen en Armurier iwwer Joren dru schafft, bis se fäerdeggestallt sinn. D’Präisser fir d’Unikater fänken deemno bei 15.000 Euro un, kënnen awer wäitaus méi deier ginn. Den Haaptdeel vum Philippe Graff senger Aarbecht maachen dohier d’Reparaturen aus.

"D’Zukunft vum klasseschen Armurier am Sënn vum Waffebau gesinn ech weiderhin net als enorm am Opschwong, well et einfach ze deier gëtt, fir déi Waffen hierzestellen. D'Lounkäschte sinn enorm héich, grad zu Lëtzebuerg (...) Déi vergläichsweis gënschteg Waff funktionéiert grad esou gutt, dat muss een einfach esou soen. Et muss eben déi Leit ginn, déi dat Handwierk schätzen an et fir sech selwer gären hätten.", seet den Armurier Philippe Graff.