De grad emol 22 Joer jonke Mann huet de Kampf géint eng mitochondrial Genmutatioun verluer, wéi d'Lëtzebuerger Wort schreift.

D'Eltere vum Prënz Frederik, de Prënz Robert, Cousin vum Grand-Duc Henri, a seng Fra d'Julie Ongaro hunn op der Säit vun der PolG Fondatioun, déi vum Frederik gegrënnt gouf, matgedeelt, datt hire Fils am Alter vun 22 Joer gestuerwen ass.

An engem ganz emotionale Schreiwes, beschreiwen d'Elteren déi leschten Deeg a Stonne mat hirem schwéierkranke Jong. Nach den 28. Februar huet de Jonke Mann seng enkst Famill bei sech geruff, fir um "Dag vun der seelener Krankheet" mat hinnen ze schwätzen. An dat war e schwéieren Akt fir de jonke Mann, deem et zanter Deeg schwéier gefall ass, ze schwätzen. De Bréif, deen aus der Siicht vu sengem Papp dem Prënz Robert geschriwwen ass, beschreift e jonke Mann, deen och a sengem schwéierste Moment e Witz op de Lëpsen huet.

Besonnesch déif geet awer d'Fro, déi hien u säi Papp riicht: "Pappa, bass du houfreg op mech?". "Zanter Deeg konnt hie bal net méi schwätzen an esou war d'Kloerheet vun deene Wierder genau esou iwwerraschend, wéi d'Gewiicht vun deem Ament déifgräifend. D'Äntwert war ganz einfach an hien hat se scho méi dacks héieren... awer an dësem Moment huet hien d'Confirmatioun gebraucht, datt hien a sengem kuerzen a schéine Liewen alles gemaach huet, wat hie konnt, an datt hien elo endlech weidergoe kann. De Frederik weess, datt hie mäi Superheld ass, esou wéi hien et fir eis ganz Famill a fir déi vill gutt Frënn ass, an elo zum groussen Deel wéinst senger POLG-Stëftung, fir esou vill Mënschen op der Welt", schreift de Prënz Robert iwwer säi Fils.

Den emotionale Bréif hält mat dëse Wierder op: "Mat der Hëllef vun eisem Superheld hoffe mir, datt mir eis déifsten Trauer an e positiivt Resultat kënnen dréinen an dofir sengem Beispill,well hie war ni aus der Rou ze bréngen, nogoe kënnen. Säin ultimative Message ass ee vun Hoffnung, Matgefill a Resilienz. Mir sinn alleguer esou houfreg op dech Frederik. Ech sinn esou houfreg op dech. Mir hunn dech gär.

Papp,
Am Numm vun der Mamm, dem Charlotte, dem Alexander, dem Mansour... an natierlech... dem Mushu."

De Prënz Frederik vun Nassau ass den 1. Mäerz zu Paräis gestuerwen.

Stëftung fir d'Recherche gegrënnt

D'Stëftung, déi de jonke Prënz gegrënnt huet, setzt sech fir d'Recherche vun der rarer Krankheet an, déi de Frederik selwer hat. D'mitochondrial Genmutatioun ass zwar rar, beaflosst awer déi kritescht Zellstruktur am mënschleche Kierper an d'Fuerschung wierkt sech op déi verschiddenst Krankheete wéi Alzheimer, Bipolar Stéierungen, Diabetis, Parkinson a verschidde Zorte vu Kriibs, fir déi et aktuell nach keen Heelmëttel gëtt. Weider Detailer dozou fënnt een op polgfoundation.org.