E Méindeg huet sech decidéiert, wie vun den Toppkäch hei am Land e Stär bäikritt, déi zu Antwerpen vu Guide Michelin BeLux verdeelt goufen.

Ee Mount no der Zeremonie a Frankräich steet fest, wien d'Experte vum Guide Michelin BeLux iwwerzeege konnt.

Am Ganze kruten 13 Restauranten hiren éischte Stär an et gëtt elo en zweete Restaurant hei am Land, dee sech iwwer zwee vun de renomméierte Michelin-Stäre freeë kann. Dobäi kommen nach dräi Adressen, déi sech de Grénge Michelin-Stär verdéngt hunn.

An der neister Versioun vum Guide Michelin BeLux sinn um Enn 790 Restauranten vertrueden, dovun 151 Stäre-Restauranten

Zweete Michelin-Stär fir de Louis Linster

Virun aacht Joer huet de Louis Linster de "Kachläffel" vu senger Mamm Léa Linster an hirem Restaurant zu Fréiseng iwwerholl, deen zanter 1987 e Stär huet. Elo huet et de Fils vun der wuel bekanntster Kächin hei am Land gepackt, sech säin eegenen an den zweete Stär fir de Restaurant ze verdéngen. Hie gouf iwwregens 2024 vu Gault&Millau zum Kach vum Joer gewielt.

De jonke Chef, deen de Familljebetrib zu Fréiseng iwwerholl hat, war natierlech an der Emotioun, wéi hien um Mikro vun RTL-Infos viru Mëtteg reagéiert huet.

D'Reaktioun vum Louis Linster

En Dënschdeg gëtt also Heiheem gefeiert - absënns houfreg op d'Auszeechnung vun hirem Fils Louis war natierlech d'Léa Linster, déi de Betrib zu Fréiseng vun hiren Elteren iwwerholl hat a selwer och 1987 de Michelin Stär krut.
D'Kächin, déi e Sonndeg hir 70 Joer krut, ass iwwerzeegt, datt Alter näischt mam Talent oder Experienz ze dinn huet.

D'Reaktioun vum Léa Linster

Och mam zweete Stär bleiwen d'Präiser vun de Plat'en d'selwecht.

Nieft der Langue Souris mam Cyril Molard gëtt et domat lo 2 Etablissementer am Land, déi vu Michelin mat der zweethéchster Notatioun ausgezeechent goufen.

Nieft dem Restaurant vu Fréiseng huet nach ee Restaurant en zweete Michelin-Stär kritt an zwar een aus der Belsch, d'Maison Colette zu Tongerlo.

Neie Stär fir dräi aner Adressen hei am Land: 

En neien 1 Stär kréien dann dräi aner Gastronomie-Adressen am Land. Dat gëllt fir den Archibald de Prince zu Lauterbuer op der Millen an d'Grünewald Chef's Table zu Dummeldeng mam Chef Clovis Degrave. Besonnesch Éier fir den neie "Fields" vum René Mathieu um Findel am Airfield-Gebai, deen nieft engem (1) klasseschen Michelin-Stär och de grénge Michelin-Stär decernéiert krut.

Lëtzebuerg zielt néng Restauranten mat engem Stär:

Hei am Land ginn iwwerdeem néng Restauranten mat 1 Stär gezielt. Dat sinn nieft den dräi neien Adressen an der Stad de Mosconi, Ryodo an d'Villa de Camille et Julien op der Polfermillen, Fani zu Réiser, Guillou Campagne zu Schuller an d'Apdikt zu Stengefort.

Hire Stär verluer hunn iwwerdeems den Eden Rose zu Keel an d'Distillerie op der Buerg, well d'Etablissementer zougemaach respektiv geplënnert sinn.

Hire Bib Gourmand verluer hu Bonifas zu Nouspelt an de Kamakura am Gronn, iwwerdeems et domat nach dräi Restaurante mat där Appellatioun ginn: de Park Léih zu Diddeleng, de K Restaurant zu Huldang an de Bazaar an der Stad.

Méi Detailer kann ee  bei de Kolleege vun RTL Infos noliesen, déi och e Journalist op der Plaz hunn.