Peruanesch-japanesch Fusiounskichen op Plaz 1Dat sinn déi weltwäit bescht Restauranten 2025

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf vum brittesche Verlag-Grupp William Reed d'Lëscht mat de 50 beschte Restaurante vun der Welt publizéiert.
© AFP

Ganz uewe steet do de Restaurant “Maido” aus der peruanescher Haaptstad Lima, wou ee vum Chefkach Mitsuharu Tsumura zanter mëttlerweil 16 Joer eng peruanesch-japanesch Fusiounskichen ze schmaache kritt.

De Podium gëtt komplettéiert vum “Asador Etxebarri”, engem baskesche Restaurant an engem klenge spueneschen Duerf tëscht Bilbao a San Sebastian, an dem “Quintonil” zu Mexiko-City. An den Top10 fënnt ee weider nach Restauranten aus Madrid, Kopenhagen, Bangkok, Tokio, Paräis, Lima a Buenos Aires.

Déi komplett Lëscht vun de beschte 50 beschte Restaurante weltwäit fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO