De fréieren Tennisspiller Boris Becker huet scho 4 Kanner am Alter vu 15 bis 31 Joer. Elo soll nach e Fënneft dobäi kommen. Seng Fra Lilian ass schwanger.

D'Tennis-Ikon Boris Becker gëtt schonn nees Papp. De 57 Joer ale Becker huet e Sonndeg op Instagram e Video gepost, op deem seng Fra Lilian de Carvalho Monteiro gewise gëtt, wéi si aus verschiddene Wénkel hire Bauch heemelt.

"E klengt Wonner ass um Wee... Dat Bescht kënnt eréischt", schreift den dräifache Wimbledon-Gewënner. Ob et e Meedchen oder e Jong gëtt, huet de Becker net gesot.

De Boris Becker huet scho 4 Kanner. Mat der Barbara Becker huet hien d'Bouwen Noah (31) an den Elias (25). Mat enger flüchteger Bekanntschaft huet de Boris Becker seng Duechter Anna Ermakova, déi och scho 25 Joer al ass. D'Liaisoun hat deemools fir vill Opreegung gesuergt, well et e One-Night-Stand war. Dono koumen an engem zweete Mariage mat der Lilly Becker hire Bouf Amadeus (15) op d'Welt.

Mat der Lilian de Carvalho Monteiro ass de Becker zanter September bestuet. Déi 35 Joer al Monteiro huet bis ewell keng Kanner. "Dat ass fir mech vläicht déi éischt Partnerschaft op Aenhéicht", huet de fréieren Tennisspiller viru Kuerzem an engem Interview mam Stern geschwäermt. "Ech brauch d'Lilian, an ech hoffen, datt hatt mech och brauch. Mir hunn eis an enger Zäit kennegeléiert, wéi et mir schlecht goung. Berufflech, privat, kierperlech. Mir goung et esou schlecht wéi nach ni a mengem Liewen. Trotzdeem huet d'Lilian sech fir mech interesséiert." Fir hie wier dat bemierkenswäert. "Well hatt konnt sech nëmme fir mech als Mënsch interesséieren, well ech näischt anescht méi ze bidden hat. Esou eng Fra hunn ech virdrun nach ni begéint."