Op Invitatioun vum José Maria Neves, dem President vun der Republica Cabo Verde, war de Grand-Duc Henri dëse Weekend fir d'Feierlechkeeten an de Kapverden.

Den Inselstaat ass zanter 50 Joer onofhängeg. Mat dobäi waren och de Chamberpresident Claude Wiseler an de Premier Luc Frieden.

Béid Staate verbënnt eng staark Frëndschaft an eng enk Zesummenaarbecht. Zanter der leschter Staatsvisitt zu Lëtzebuerg hu béid Länner d’Partnerschaft an de Beräicher Ëmwelt, Kultur, Technologie an Educatioun weider ausgebaut.

De Grand-Duc Henri an de President Neves hätten d’Geleegent genotzt, fir iwwert dës wichteg Themen ze schwätzen, esou resuméiert den Haff dës Visitt an engem Post op Facebook.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss kapverdianesch Communautéit.

D’Feierlechkeeten am Cap Vert goufen ënner anerem mat enger Parad zum Dag vun der Onofhängegkeet an engem Gala-Dinner mat verschiddene Staatscheffen ofgeschloss.