D'Insel vun de Séilegen

Als "komplett abstrus, liichtfankeg, onverantwortlech an onnéideg" - sou gouf e Méindeg bei der CGFP d'viséiert Pensiounsreform beschriwwen. Kloer wiert sech d'Staatsbeamtegewerkschaft géint dës Reform, well dëst, an der CGFP-Analyse, alt nees eng weider Attack op d'Acquise vun de Staatsdénger duerstellt. Wéi laang dës nach ze hale sinn, freet sech de Roy Grotz a sengem Commentaire.
Acquisen, déi op Fläiss, Rigueur an héchst Professionalitéit baséieren - Pilieren, déi d'Demokratie ausmaachen an all Staatssalarié ze respektéieren huet.
Ewell an de 90er Jore wier probéiert ginn, de Pensiounssystem ze zerschloen, an dogéint gëtt sech elo mat Hänn a Féiss gewiert, sou de Romain Wolff e Méindeg virun de Militanten, déi sech net op der grénger Wiss a mat blo-roude Fändele rassembléiert haten, mee an der feutréierter Ambiance vun engem dichtege Stater Hotel, wou och nach eng Big Band monter opgespillt huet.
D'Swing-Musek wäert den Owend zwar feelen, mee da gëtt am selwechte Lokal haart vun LCGB an OGBL am Numm vun den iwwer 120.000 Membere gejaut, well och si eng frontal, zynesch Attack op d'sozial Acquisen duerch d'neoliberal Regierung denoncéieren.
D'CGFP gesäit kloer, wou d'Regierung hi wëll, nämlech 2 Pensiounssystemer beieneen ze féieren, déi an hirem Konstrukt net méi ënnerschiddlech kéinte sinn. Dat ass d'Recht, jo dat ass d'Roll vun enger Regierung, déi duerfir gewielt gouf a mat de Wielerstëmmen och d'Legitimitéit krut, dat ze maachen.
Et ass also net grad esou wéi et bei der CGFP insinuéiert gëtt, nämlech datt eng Pensiounsreform net um Radar vun der Regierung war, well et steet schwaarz op wäiss am Koalitiounsaccord, datt no 2027 wäert de Cotisatiounstaux vun 24% net méi duergoe fir de Volume vun de Pensiounen ze bezuelen, an datt duerfir missten am Konsens Äntwerten, also Ännerungen, decidéiert ginn. Wien elo géint dëst Bestriewen Tapage schléit, versënnegt sech géint eis Jugend a géint de Solidarsystem u sech. Villméi soll eis drëms geleeën sinn, d'Fonction publique an de Privatsecteur enfin d'selwecht ze behandelen!
Mee gutt, dat ass ee jo gewinnt op der Lëtzebuerger Insel vun de Séilegen, mol fir d'éischt no sech, an an dësem Fall no enger Hausse vum Punktwäert ze kucken. Do sinn ech da gespaant, wéi eng Téin ech vun de Syndikatscheffe Back an Dury héieren a wéi dann do de Georges Mischo wéi e geschloene Mupp wäert duerch de Sall gejot ginn.
Een Aarbechtsminister, deen och näischt anescht mécht, wéi et à la lettre am schwaarz-bloen Deal steet, nämlech d'Texter iwwert d'Kollektivverträg op de Leescht ze huelen, d'Tripartite am Fall vun enger Index-Debatt bäi ze halen, de POT ze reforméieren an op e Modell vun flexibelen Aarbechtszäiten hin ze schaffen. Genee déi Roadmap schafft de fläisseg-abberdéngegen Escher Minister of a weess als richtege Sportler, datt een och alt muss Ki no enger Attack astiechen, fir dann am richtegen Ament de Géigner an de KO ze diksen.
Spannend, wéi dee Match ausgeet a genee sou spannend, ob den Owend d'Gewerkschafte mat engem Generalstreik dreeën. Da geréit d'Insel vun de glécklechen a séilege Lëtzebuerger am Pre-Chrëschtdagskonsumrausch séier zur Insel vun deenen, déi an enger Jalousie-Debatt gefaange sinn.