Wärend d'Politik nach diskutéiert, wéi een den digitale Wandel wëll begleeden, "Appen" mécht an verzweiwelt versicht, d'Simplification administrative ëmzesetzen, huet déi Kënschtlech Intelligenz längst ugefaangen, eis Welt ze veränneren. Ouni iergendeen ëm Erlabnis ze froen. Ass et eng Chance oder e Risiko fir eis Gesellschaft? Dat freet sech d'Annick Goerens haut a sengem Commentaire.

Iwwer KI gëtt aktuell vill geschwat an dobäi ass dat wat den Duerchschnëttsbierger domat mécht, nëmmen een Dausendstel oder Honnertdausendstel vun deem wat scho machbar ass. KI, dës nei Supermuecht, déi Krankheete méi fréi entdecke kann, déi besser formuléiert a schreift, déi eis eigentlech sou munches u langweileger Aarbecht spuere kéint: Steiererklärungen, Resuméë schreiwen, Liese vun 100-Säite-laange Gebrauchsuleedungen, déi souwisou kee versteet. KI kann eis Haiser a Stied méi effikass maachen an dat ouni dass mir virdrun ee Master an der Informatik hu musse maachen. Mee natierlech biergt se och vill Geforen.

Commentaire vum Annick Goerens: Kënschtlech Intelligenz: Wien steiert wien?

Ech wëll elo net ufänke mat Filmer wéi Matrix oder Terminator, wou d'Maschinnen eis dominéieren. Den Ursprong vum Negative geet nämlech ëmmer vun de Mënsche selwer aus. D'Mënschheet ass onfaassbar gutt dran, fir nei Technologië katastrophal anzesetzen. E gutt, voir schlecht Beispill ass d'Atombomm.

Et sinn net d'Maschinnen déi decidéieren, fir an engem Betrib alles méi effikass ze maachen, fir domat de Profit ze maximiséieren. Et kéint een nämlech och einfach de Salariéen doduerch penibel Aarbechten erspueren, se dat maache loosse fir dat se do sinn an hinnen déi Zäit duerno schenken.

Et sinn och net d'Maschinnen, déi decidéieren, fir an engem Staat alles ze iwwerwaachen. Et sinn autoritär Systemer, déi d'Daten duerno gezillt fir politesch Zwecker asetzen a versichen, den demokratesche Prozess ze ënnerwanderen, amplaz Iwwerwaachung op Sécherheetsaspekter ze limitéieren.

De Problem ass a mengen Aen also net, dass KI fir eis ze clever gëtt. De Problem ass, dass mir Mënschen ëmmer méi bequeem ginn an doduerch och mol wichteg Entscheedungen einfach un een Algorithmus ofginn.

Net d'KI decidéiert iwwer eis Zukunft, mee mir Mënsche maachen dat. Mënschen déi dacks presséiert sinn, déi ëmmer méi wëllen an heiansdo carrement iwwerfuerdert sinn. Also wannechgelift Gehier aschalten, soss mécht d'Maschinn et.