
Mat einfache Wieder a roueger Stëmm huet den Dr Gérard Schockmel eis wärend der ganzer Corona-Pandemie begleet. Hien huet explizéiert, firwat Maske gutt sinn, impfe wichteg ass an huet dem Land erkläert, firwat et soulaang gedauert huet, bis ee Luucht um Enn vum Tunnel gesinn huet.
Mä wien ass deen Infektiolog, wéi ass säi Passé a wat huet hien nach wëlles? Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien iwwer seng Tatta an Amerika, kuckt zréck op seng Zäit zu Oxford, verstoppt net dass hien politesch Ambitiounen huet a spillt eng Eegekompositioun um Piano.
Pianist am “Bistrot de la Presse": Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
