Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Ernie Hammes

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
© RTL Grafik

Den Ernie Hammes verbënnt een automatesch mat der Trompett. De Minettsdapp war scho mat 8 Joer an der Museksschoul an haut gehéiert hien zu engem vun de Piliere vun der Militärmusek. Hie war awer och op der Trompett bei de Lidder vum Fausti an Olio Galanti, war op Welttournée mam Paul Anka, Maynard Ferguson an der Duke Ellington Band. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ëm dauchen a kachen, de Will Smith an de Bill Clinton als Spectateur an ob seng Trompett en Numm huet.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO