D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Joël Heyard war um beschte Wee e Superstar ze ginn, an dovunner war de Museker net eleng iwwerzeegt. Hien huet an den USA, Asien an Europa gespillt. Stoung viru Bon Jovi an Toto als Batteur op der Bün. Huet mam Pink hannert der Bün gegeckst, mam Richie Sambora Béier gedronk an de Batteur vun Daft Punkt a sengem Auto gehat.

Am "Café des artistes" beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf et Detailer iwwer seng Karriär, a firwat hien haut awer net de grousse Superstar ass.

Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.