Dem Jan Schneidewind seng Famill kënnt zwar aus der Gastronomie awer hie wollt léiwer Tountechniker oder Panzerkommandant ginn.

E puer Zoufäll hu mat sech bruecht, dass hien awer an der Kiche gelant ass. Duerch d'Sendung 'Mein Lokal, dein Lokal' op Kabel 1 konnt ee virun e puer Wochen hanner d'Kulissen vun der Horecabranche gesinn an huet matkritt, dass hien nach ëmmer fir e gudde Maufel brennt. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung et awer och ëm futtis Autoen, Suen, héich Perséinlechkeeten an ëm déi grouss Léift

Piano am Café des artistes: Marc Schmidt

Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.