RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Paule Kremer

© Patrick Greis
Wann een haut vum Paule Kremer schwätzt, da kënnt engem direkt "schwammen" an de Kapp.
Et kann een net behaapten, dass d'Engleschproff soss wéi eng bläien Int geschwomme wier, mä an der Primärschoul war Waasser keen Thema an dofir gouf et Grënn.
Wéi d'Ultra-Schwëmmerin sech haut d'Zäit verdreift bei sou laangen Asätz, awer och iwwer d'Kandheet mat enger imaginärer Frëndin, iwwer den Hond Néckel, Drénkspiller op der Uni an e schwéieren Accident als Kand, schwätzt si am 'Café des artistes' mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten.
Piano: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.