Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Magaly Teixeira

RTL Lëtzebuerg
D'Magaly Teixeira huet d'Nues richteg an d'Kultur gezappt. Film, Theater, Danz, Gesang, bal kee Beräich, deen et ausgelooss huet.

Am ‘Café des artistes’ geet et beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ëm Fluchangscht, penibel Momenter am Danzsport, gewoten Zeenen am Film, e Papp, deen ëmmer kräischt, eng Grande-Duchesse, déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder am Selbsttest a speziell Kichelcher zu Amsterdam.

Um Piano: De Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO