Et gëtt endlech e Lien tëscht den 2 Universumen déi vun der japanescher Firma gemeeschtert ginn. Eng nei Divisioun gëtt dofir opgemaach.

"Playstation Productions" ass déi nei Firma, déi zu Sony gehéiert an déi an Zukunft d'Aufgab kritt, Videospiller vun der Plattform a Serien oder Filmer ëmzewandelen.

Bei Sony feelt et net u Nimm: Tomb Raider, Crash Bandicoot, Metal Gear Solid, Uncharted, God of War oder och nach The Last of Us. Eng honnert Lizenzen déi am Kino, fir d'Tëlee oder op VOD-Servicer exploitéiert ginn.

© Sony Interactive Entertainment

Den neien Deel vum Konzern gëtt gläichzäiteg vu Sony Interactive Entertainment a vu Sony Pictures verwalt. Zum zweeten Numm gehéiert och ënner Anerem den amerikanesche Filmstudio Columbia Pictures.

De neie Chef vu PlayStation Productions Shawn Layden huet an engem Interview mam Hollywood Reporter erkläert dass se "25 Joer Experienz an der Entwécklung vu Spiller hunn, an dass se och zanter 25 Joer super Spiller, Franchisen a Geschichte produzéiert hunn. Si denken dass et de richtege Moment ass, fir nei Weeër wéi Kino, Tëlee oder Streaming ze entdecken. Si wëllen hirer Welt een neit Liewen offréieren."

D'Iddi koum vum Succès vu Marvel, de Studio dee seng Comics mat vill Erfolleg op de groussen Ecran bruecht huet. Am Fall vu Sony kéint een och vum Delai profitéiere fir e Spill erauszebréngen, fir eng Upassung ze produzéieren an esou den Interessi vun de Fans nach méi héich ze halen.

Et freet ee sech just, firwat dass d'Japaner net éischter op dës Iddi komm sinn...