D'Plattforme géife konservativ Stëmme komplett ënnerdrécken, schreift den Donald Trump op Twitter.

D'Republikaner wéilte sozial Medie ganz staark reguléieren oder zoumaachen, iert se dat géifen zouloossen.

Wat war geschitt?

No Kritik vun etabléierte Medien hat Twitter fir d'éischte Kéier eng Noriicht vum Donald Trump op d'Fakten iwwerpreift. Mat engem net ganz gudde Resultat fir den US-President.

Den Donald Trump hat an engem Tweet geschriwwen, datt d'Bréifwal zu Bedruch géif féieren an datt de Gouverneur vu Kalifornien, een Demokrat, u jiddereen a sengem Bundesstaat géif e Walziedel schécken, egal op dee walberechtegt wier oder net.

Twitter huet dorobber reagéiert. Si hunn den Tweet net geläscht mä e Link bäigesat, wou een déi real Fakten iwwert d'Bréifwal kann noliesen. De Kuerznoriichtendéngscht gëtt scho méi laang kritiséiert, datt een d'Saachen, déi den US-President esou schreift, net géif kontrolléieren an net géif richtegstellen.

Enger Statistik vun der Washington Post no hätt den Donald Trump nämlech op d'mannst 18.000 Falschinformatioune respektiv zweedeiteg Aussoe a senger Amtszäit verëffentlech, vill dovunner eben iwwer Twitter. Den US-President notzt dëse Kanal ganz gären, well een hei vu Medien onkommentéiert an eben net op d'Fakte gepréiften Aussoen direkt un d'Populatioun kann erausginn. Ëmmerhin huet den Donald Trump 80 Millioune Follower.

Den Donald Trump huet sech et natierlech net huele gelooss, fir dono direkt op Twitter ze schéissen. Si géife sech an d'Presidentewalen amëschen, esou d'Kritik vum US-President eben op Twitter. Si géife seng Ausso als Fake dohinner stellen, a sech dobäi op "Fake News"-Senden CNN an Washington Post beruffen.

Den 3. November sinn d'Amerikaner opgeruff, fir en neie President ze wielen. D'Republikaner a ganz virbäi den Donald Trump fäerten awer, datt d'Demokrate vun der Bréifwal kéinte profitéieren. Dowéinst wiere si sech och esou staark géint d'Aféiere vun dësem Walsystem.

Ageschoss huet sech den Donald Trump do ebe grad op den Gavin Newsom, Gouverneur vu Kalifornien. "Jiddereen, dee lafe kann, wäert a Kalifornien e Walziedel kréien" esou d'Behaaptung vum US-President. Domadder mengt hien och Leit, déi keng Openthaltsgeneemegung an den USA hunn. "Dat loosse mer net zou". D'USA géif esou zu engem "Witz" ginn, mengt den Donald Trump.