Sollt den US-President weider ustachelend Messagen, ënner anerem vis-à-vis vun de Protester an den USA, publizéieren, kéint säin Account gespaart ginn.

"All Twitter-Account ënnerläit de Reegele vun Twitter" esou de Strategie-Chef Nick Pickles en Donneschdeg am brittesche Parlament. Do gouf hie gefrot, ob een och de Compte vum US-President géif spären.

Lescht Woch eréischt hat de Sozialmedia-Gigant e Post vum Donald Trump als "Gewaltverherrlechend" gekennzeechent. Den US-President hat geschriwwen "Wa Geschäfter ausgeraumt ginn, da gëtt geschoss".

De Sträit tëscht Twitter an dem Donald Trump war lassgaangen, wéi den Déngscht en Tweet iwwer Bréifwal vum President mat engem Fakten-Check beluecht hat, an domadder indirekt gesot huet, datt den Inhalt vum Tweet net der Wourecht entsprécht. Och hei sot den Pickles aus, datt den Donald Trump esou behandelt gëtt, wéi all anere User. Sollt ee Bäitrag vum President gemellt ginn, gëtt dësen op d'Wourecht iwwerpréift.