De rezenten Tëschefall huet nees op d'Problemer vun dëse soziale Medien, déi scho méi dacks an der Kritik stoungen, opmierksam gemaach.

Wéinst engem Konfiguratiounsprobleem konnten d'Appe sech net mam Netzwierk (Facebook) verbannen. Dat huet de Konzern matgedeelt. Et wier e Feeler bei der Konfiguratioun vun de Routere geschitt, déi den Daten-Traffic tëscht de verschiddene Rechen-Zentren koordinéiert. Doduercher hätten déi net méi mateneen kënne kommunizéieren an dobäi wieren och intern Systemer a Software-Toolen gestéiert gewiescht. Dowéinst hätt d'Pann soulaang gedauert. Ronn 6 Stonne laang huet Facebook selwer, awer och WhatsApp an Instagram zum deel net méi fonctionéiert.

Eng Cyberattack gouf jo scho vun Experten ausgeschloss. Verschidde Mataarbechter vu Facebook, déi awer anonym wëlle bleiwen, wollten awer net ausschléissen, dass et sech ëm intern Sabotage kéint gehandelt hunn.
Eréischt no Hallefnuecht sinn d'Servicer nees lues a lues un d’Lafe komm. Profitéiert vun der Pann bei Facebook hat virun allem Twitter, wou wärend där Zäit enorm vill lass war. Och beim Messenger-Service Telegram goufen et um Méindeg den Owend e sëllegen Nei-Umeldungen, dëst wuel vu Leit, déi soss op Whatsapp matenee schreiwen.

Zu Lëtzebuerg huet d'Post den Owend vum 4. Oktober tëscht 17.40 Auer a Mëtternuecht ronn 12 Prozent méi SMSen iwwert de mobille Reseau registréiert. Bei den Uriff hätt et awer keng signifikant Erhéijung ginn, esou e Spriecher un der Post.

Facebook - "too big to control"

Dësen Tëschefall geschitt een Dag, nodeem eng fréier Mataarbechterin vu Facebook iwwer negativ Auswierkunge fir jonk Leit geschwat huet. Si hat an der Lescht als Whistleblowerin, verschidden Interna vum soziale Reseau publizéiert a gëtt um Dënschdeg vum Kongress zu Washington gehéiert. Si geheit Facebook vir, d’Gesellschaft muttwëlleg a bewosst ze spalten, domadder Gewalt ze verursaachen, an alles just fir Geld ze verdéngen.

Ob Pann oder Leak: béides weist, wéi vill Muecht Facebook huet a wéi schlecht d'Boîte sech intern opstellt, fir dat ze geréieren an ze kontrolléieren. 3 Milliarde Mënschen notzen déi 3 Plattformen, da si 40% vun der Weltpopulatioun. An den Hänn vun engem private Konzern mat der Logik: sou vill wéi méiglech Benefice maachen, e Maximum u User ouni e Maximum u Mataarbechter. Grad am Service Kontroll vu kriddelegen Inhalter, an deem Whistleblowerin geschafft huet, ass d'Personaldecke vill méi dënn wéi an deem, wou se Algorithme veränneren, fir nach méi User unzezéien a méi laang op de Sitten ze halen.

Facebook-Pann / Rep. Caroline Mart

De Mark Zuckerberg, de Patron vu Facebook, war schonn dacks an der Kritik a seet, si wieren eng "neutral Plattform a just d'Bild vun der Gesellschaft". Si liewe gutt dervun, en Zerrbild vun der Gesellschaft ze sinn, ganz banal iwwert d'Aart a Weis, wéi mir Mënsche funktionéieren, am Kapp bleift méi dat Spektakuläert, dat Negatiivt hänken, kee freet sech iwwert en déidlechen Autosaccident, mä déi Noriicht kritt méi a méi laang Opmierksamkeet wéi d'Nouvelle, dass näischt geschitt. Net moralesch gutt oder schlecht, just, dass een dat extrem lukrativ notze kann op soziale Plattformen, do verkeeft sech alles, wat polariséiert, wat spléckt, wéi zum Beispill "Hate Speech". Wat méi extrem, wat besser, an do muss et dann och ëmmer méi sinn, fir nach opzefalen.

Wat sinn d'Konsequenzen dervun? Duerch déi permanent Wiesselwierkung ka kee sech schützen, esouguer, wann ee virtuell Servicer net notzt, et verännert den Ëmgank vu Mënschen an der realer Welt. Mir fannen et well scho bal normal, dass Politiker, déi kloer Positioun bezéien, Persouneschutz ronderëm d'Auer brauchen, well se fäerten, dass een Opriff zum Haass am Netz wuertwiertlech hëlt. Vill Verantwortung an den Hänn vun enger US-Firma, déi ganz hierarchesch vun engem Mann gefouert gëtt, ëmsou méi, wann ze vill Kontroll u sech géint den eegene Geschäftsmodell an Intressi verstéisst. D'Responsabilitéit, fir d'Intresse vun ons Bierger ze schützen, dat ass u sech d'Aufgab vum Staat an der Politik. Iwwerleeungen, déi net nei sinn, mä se musse wuel nach méi dacks gefouert ginn, ier d'Politik aktiv gëtt. Net, fir eng Firma ze verdäiwelen, mä well et hei eng Boîte ass, déi net just "too big to fail" ass, wéi se an der Finanzkris soten, mä "too big to control"! Ze grouss, fir just nach weider vu banne kontrolléiert ze ginn, an den Afloss ass net just op Politik an Demokratie. Grad bei de Jonke geet et och un d'Séil: Instagram zum Beispill huet bei all 3. Teenager en negativen Afloss op dat eegent Kierperbild. Dat seet eng intern Etüd vu Facebook, déi d'Frances Haugen och virgeluecht huet. Den Enjeu ass enorm. A gewosst. Schlau Äntwerten a Reegelen nach net.