De wëssenschaftleche Secteur zu Lëtzebuerg huet sech an de leschten zwee Joerzéngten enorm entwéckelt. Vill Sue goufen a ginn nach ëmmer weider an de Secteur investéiert, modern Infrastrukture goufen opgebaut. An dach ass nach trotzdem eng däischter Wollek um Himmel, déi onbedéngt nach muss verdriwwen ginn, wëll een d’Visioun vun der Wëssensekonomie zu Lëtzebuerg ëmsetzen. Eng Carte Blanche vum Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, dem Marc Schiltz.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Schlitz

An senger Ried zum 100. Gebuertsdag vun der FEDIL huet den Nicolas Buck d’Wëssenschaft an d’Technologien zu Schlësselelementer fir d’Zukunft vun der Industrie deklaréiert. Technologie, sou de FEDIL-President, baséiert op Wëssen, op wëssenschaftlechen Erkenntnisser. An et bräicht Talent, fir d’Wëssenschaft opzebauen an ze verstoen. Talent fir tëscht der Wëssenschaft an den Technologië Brécken ze bauen.  Zudeem bräicht et och entreprenariale Geescht an all senge Formen, fir erfollegräich nei Technologien an d’Economie anzeféieren. Ech ginn dem Nicolas Buck zu 100% Recht – déi Haaptressource vum Land, déi fir d’Zukunft vum Land wesentlech ass, ass d‘Matière grise op der enger Säit, an den Esprit entrepreneurial op der anerer Säit. De wëssenschaftleche Secteur huet sech an de leschten zwee Joerzéngten enorm entwéckelt. Regierungsiwwergräifend gouf et ëmmer e Konsens, datt d’Wëssenschaft an d’Fuerschung fir déi zukünfteg Entwécklung vum Land eng wichteg Roll spillen. Dat ënnersträichen déi konstant steigend budgetär Moyenen, déi vun de Regierungen an dëse Secteur investéiert goufen. Zulescht nach ze gesinn, an de 4-Jorespläng mat den ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen, déi kierzlech ënnerschriwwe goufen, a wou global d’Budgete nach eng Kéier ëm 25% steigen.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg ass an deem Sënn eenzegaarteg an Europa. Konstant finanziell Investitioune vun ëffentlecher Säit an excellent Infrastrukturen, déi et erméiglechen, an eenzelen Domainen zu Championen ze ginn. Eng Entwécklung, déi och breet vun den Awunner gedroe gëtt, wéi ee representative Sondage Ufank 2017 et ënnersträicht. An dësem Sondage revendiquéiere 56% vun de Befrote méi Investissementer an d’Fuerschung, a 60% fannen datt d’Fuerschung de Wëssensstand steigert, esouguer wa se net direkt praktesch Retombéeë generéiert.

Et gesäit also roseg aus, fir Lëtzebuerg zu deem Standuert fir Innovatioun a Wëssensgesellschaft ze formen, dee mer ustriewen. Leider gëtt et awer och eng Wollek um Himmel, an zwar eng däischter: mir bréngen et net fäerdeg fir genuch Jonker fir Karriären am Beräich vun de Wëssenschaften, der Technik an der Informatik ze begeeschteren.

Firwat dat esou ass, dofir ginn et sécher villfälteg Grënn: E Schoulsystem, deen déi Fächer villäicht nach en bësschen ze vill stiefmütterlech behandelt, trotz deene villen Efforten, déi grad an de leschte Jore gemaach goufen.
Eng scho bal deloyal Konkurrenz vun der Fonction publique, wou et fir Lëtzebuerger méi gemittlech ass ewéi an der Privatwirtschaft.
D’Tatsaach och, dass vill Jonker sech net bewosst sinn, dass eng Partie Beruffer, déi haut nach attraktiv schéngen (zum Beispill am Finanz- a Bankesecteur), duerch déi digital Transformatioun sech wäerte komplett veränneren oder esouguer verschwannen.

Wa mer et net fäerdeg bréngen ons beschte jonk Männer, an virun allem och Fraen, fir Fuerschung, Wëssenschaft, Technik an Entreprenariat ze begeeschteren an ze gewannen, da wäerten mer d’Visioun vun der Wëssenseconomie net kënnen zu Lëtzebuerg ëmsetzen, trotz ville Suen a modernen Infrastrukturen.