Kënstlech Intelligenz ass an onsem Alldag ukomm. Wat ka KI a wat net? Wéi eng gesellschaftlech Problemer stelle sech? Eng Carte blanche vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche.

AUDIO: Kënschtlech Intelligenz: Eng Carte blanche vum Marc Schiltz

Kënstlech Intelligenz – e Wuert, wat zënter enger Zäit an all Mond ass. Wat ass dat? Fir et kuerz – a sécher onvollstänneg – ze beschreiwen: Et handelt sech dobäi ëm eng nei Generatioun vu Computerprogrammer, déi capabel sinn ze léieren, dat heescht selwer Reegelen an Zesummenhäng ze entdecken.

Beispill: De Computerprogramm Alpha Go Zero vu Google huet geléiert, wéi een dat aalt chinesescht Brietspill Go ka gewannen, och géint dee beschte Welt-Champion. De Programm huet geléiert, wéi ee gewënnt, andeem s e fir d'éischt dausende Partië géint sech selwer gespillt huet.

An der Medezin si mer haut schonns esouwäit, dass KI ka Scanner- a Röntgenbiller an aner Donnéeën analyséieren, an esou eng Diagnos fir gewësse Kriibsaarte kann erstellen, déi méi zouverlässeg ass, ewéi wa se vun engem chevronnéierten Dokter kënnt.

An da ginn et natierlech och déi virtuell Assistenten op de Smartphonen, à la Siri an Alexa, déi léieren, Iech ze verstoen a mat Iech ze schwätzen, an déi an Zukunft léiere wäerten, Iech nach vill besser ze kennen – är Wënsch, är Gewunnechten an är Preferenzen. Mëttlerweil ass KI och esouwäit, dass se kann Emotiounen erkennen a sech doropper astellt.

Lafe mer also Gefor, dass déi KI ons Mënschen – mat eiser onperfekter Intelligenz – wäert dominéieren? Wuel net esou séier. Déi aktuell KI-Programmer sinn zwar oft besser ewéi de Mënsch, mä awer ëmmer nëmmen an engem ganz spezielle Beräich. Alpha Go ass de Champion am Go-Spill, kann awer soss näischt maachen. Dat Aussergewéinlecht beim mënschleche Gehir ass, dass et enorm vill verschidde Problemer kann ugoen.

Déi mënschlech Intelligenz kann och tëschent Ursaachen a Konsequenzen ënnerscheeden, an dat kann d'KI scheinbar nach net. Ewéi den Judea Pearl – ee vun de Guruen op dësem Gebitt – e bësschen iwwerspëtzt sot: "KI kann erausfannen, dass d'Kréine vum Hunn an de Sonnenopgank eppes matenaner ze dinn hunn, se kann eis awer net soen, ob dat eent d'Ursaach vum aneren ass, oder ëmgedréint."

KI bréngt awer eng Rei gesellschaftlech Problemer mat sech. D'Fro wäert sech ganz seriö stelle fir eng Partie vu Beruffer, déi et an nächster Zukunft wuel net méi esou wäert ginn ewéi haut. Zum Beispill Taxi- a Bus-Chaufferen, Reesagenten, Comptabelen, awer och villäicht gewëssen Sparten an der Medezin.

An da stelle sech och grouss ethesch Erausfuerderungen. KI ass net total transparent, well schlussendlech huelen déi Programmer Entscheedungen op Grond vun deem, wat se "geléiert" hunn. Wien huet d'Kontroll doriwwer? Wéi ka verhënnert ginn, dass dat ze vill eesäiteg ass? A wéi ka letztendlech verhënnert ginn, dass d'KI ons manipuléiert? Net dass no den "Fake News", elo d'"Fake Intelligence" kënnt.

En intensiven Austausch tëscht der Fuerschung, Industrie, Politik an der Gesellschaft ass noutwendeg, fir d'KI esou ze entwéckelen, dass d'Wuel vum Mënsch ëmmer am Mëttelpunkt steet.