Et ass vill doriwwer gestridden an diskutéiert ginn: d’Copyright-Direktive, déi d’lescht Woch am Europaparlament ugeholl gouf. Datt se awer och een Afloss op d’Fuerschung huet, dat erkläert de Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR an senger Carte Blanche.

D’lëscht Woch ass am Europaparlament déi ëmstridden Direktive iwwert den Droit d’Auteur – de Copyright – an der digitaler Welt ugeholl ginn.

Dat klengt éischter technesch a juristesch, mä seelen ass iwwert eng europäesch Direktive esou vehement gestridde ginn. Lëtzebuerg an e puer aner Länner haten dann och am Virfeld am Ministerrot dogéint gestëmmt.

D’Géigner vun dëser Direktiv hu virun allem monéiert, datt den Internet als fräie Raum elo géif zenséiert ginn, well Contenu muss filtréiert ginn, éier en op d’Plattformen ewéi Youtube oder Facebook kann gesat ginn.

Wann een als User an Zukunft Videoen, Texter oder Biller op esou eng Plattform eropluet, da gëtt dat wuel gescannt a kann automatesch blockéiert ginn, obwuel d’Technologie fir esou automatesch Filteren nach guer net fiabel ass. Ganz ëmstridden ass och d’Reegel, datt fir Lienen (Links) op Artikele mat kuerzen Ausschnëtter kënne Lizensfraisen erhuewe ginn.

Wann zum Beispill op sozialen Netzwierker oder Blogs Liene gedeelt ginn, da gëtt üblecherweis eng Iwwerschrëft, e kuerzen Text oder e klengt Bild bei de Lien angeblent, dee beschreift wat derhannert ass. Dat soll elo vill méi schwéier ginn.

Esou Restriktioune si schonn an Däitschland an a Spuenien ausprobéiert ginn, an et war en Desaster. Duerfir gëtt et elo europawäit agefouert – Logesch!

Zum Gléck hu mir mat laanger an haarder Iwwerzeegungsaarbecht, et fäerdeg bruecht, datt fir d’Fuerschung an d’Wëssenschaft speziell Reegelen an d’Direktive geschriwwe goufen, notamment fir de sougenannten „Text and Data mining“. Heibäi geet et ëm computergestëtze massiv Recherchen an Dokumenter an Donnéeen. Dës Technologie ass d’Basis fir Entwécklungen am Beräich vun der kënstlecher Intelligenz, déi zum Beispill kann hëllefe bei der Entwécklung vun neie Medikamenter an Therapien.

D’Direktiv iwwerléisst deenen eenzele Länner de Choix, fir déi Technologie och fir Entreprisen – zum Beispill innovative Start-uppen – ze erméiglechen. Hei bitt sech also eng interessant Opportunitéit fir Lëtzebuerg, mat onser digitaler Strategie.

Alles an allem, ass déi Direktive en duerchwuessenen Text, dee wuel och nach weiderhi fir Diskussioune wäert suergen. Et ass versicht ginn, e Konzept aus dem 19. Joerhonnert – den Droit d’Auteur – an déi digital Zäit ze retten. Mat méi oder manner groussem Succès.

Emblematesch duerfir war d’Ofstëmmung am Europaparlament. Déi ëmstridden Artikelen hätte kéinten erausgestrach ginn, mee dat ass mat enger hauchdënner Majoritéit vu 5 Stëmme verhënnert ginn. Just herno huet et sech erausgestallt. datt 13 Parlamentarier sech geiert haten, a bei dem Vott op de falsche Knäppche gedréckt hunn. Esouwäit zur digitaler Kompetenz.