Eigentlech wollt d'Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff hir Carte Blanche dem Welt-Parkinson-Dag widmen. Mä et gouf eppes, wat si déi lescht Deeg beschäftegt huet a wat d'Elteren ënnert Iech sécher gutt kennen – D'Suerg ëm e Kand!

AUDIO: Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Meng kleng Duechter hat seng éischt anstänneg Erkältung. An dat mam ganze Programm: Giel Schnuddelen, déi et net schlofe gelooss hunn an déi beim Reiwe vu senge Guckelcher iwwerall a sengem Gesiicht verdeelt goufen. Féiwer vu 40°, déi et ganz schlapp gemaach hunn, Iwwerginn an d‘Bett an op mech… Et war alles dobäi. An dat hat natierlech Auswierkungen op de ganzen Alldag.

Mäi Mann an ech ware gefuerdert an hien huet bei deem ganze Geschnuddels daper d‘Stellung gehalen.

Zum Gléck hunn ech nach Congé parental. Ech wëll mir net virstellen, wéi eng Suergen ech mir gemaach hätt, wann ech de klenge Spatz hätt missen zeréckloossen a schaffen goen, amplaz fir hat ze suergen. "Fir ee suergen", dorobber kënnt et an eisem Beruff dach un!? D‘Zäit wärend dem Schnapp ze erliichteren an dofir ze suergen, dass hat nees séier gesond gëtt.

Dobäi ass d‘Infirmiere-Formatioun mir vu grousser Hëllef: Mir hu geléiert, Féiwer zum richtegen Moment op der richteger Plaz ze moossen an ze interpretéieren.

Mir wëssen, wat mir kënne maachen, fir d‘Féiwer nees erofzekréien, fir d‘Nues nees opzekréien, fir d‘Ootmung ze verbesseren oder den Appetit ze fërderen.

A mir wëssen, wat schwéier Komplikatioune vun enger Erkältung kënne sinn an u wat een déi erkennt. An op deen Deel géing ech och heiansdo gäre verzichten!

Scho wärend der Infirmiere-Schoul hunn ech ëmmer nees gemengt, ech hätt all déi Krankheeten, déi mir grad am Cours geléiert hunn.

Duerch d‘Beruffstätegkeet hunn ech du wäertvoll Erfarungen dozou gesammelt, wéi déi ënnerschiddlech Krankheete verlafen, wat üblech ass a wat eben net. Doduerch konnt ech d‘Situatioune besser aschätzen a wousst, wéini ech en Dokter zur Hëllef muss huelen a wéini eben net.

Op d‘Ressourcë vun der Beruffserfarung konnt ech bei der Kränkt vu mengem éischte Meedche leider net zeréckgräifen.

Ech wousst net:

  • ob et normal ass, dass en einfache Schnapp och emol 40° Féiwer ka maachen,
  • ob et normal ass, dass hat Mondgeroch hat,
  • ob et normal ass, dass ech d‘Féiwer mat deene ganze Stëppercher net ënner 38° kréien oder
  • wéi ech hat dozou kéint bréngen, deen iwwerséisse Sirop ze huelen; wéi ech d‘Nuesspulle manner onangenehm ka maachen a sou weider.
Dozou koum dann dat ganzt Wëssen iwwer méiglech liewensgeféierlech Komplikatiounen. Et war zwar zimlech onwahrscheinlech, dass dat Klengt duerch en einfache Schnapp eng Bluttvergëftung géing kréien. Mee d‘Angscht dorëms huet mech bal geckeg gemaach, wann hat wärend dem Schlofen op eemol kal Hänn a Féiss krut.

Eng grouss Ënnerstëtzung bei deene Suerge ware mir meng Famill a mäi Frëndeskrees, deem verständlecherweis och vill Infirmièren an Infirmieren ugehéieren, dorënner och Kanner-Infirmièren.

Ech hat doduerch eng Plaz, wou ech mech konnt rassuréieren, wou ech Äntwerten op meng Froe fonnt hunn a vill wäertvoll Tipps krut hunn an déi mir konnten aus hirer Erfarung erzielen:

  • wéi laang üblecherweis d‘Féiwer vun engem normale Grippevirus geet,
  • u wat ech bei enger Visitt vum Kannerdokter denke soll oder
  • mat wéi enge Problemer et sech lount, an eng Maison Médicale ze goen.
Ech wëll mir net virstellen, wéi vill Suergen ech mir ouni des Stëtzen an d‘Wëssen duerch meng Infirmières-Formatioun gemaach hätt! Ech fuerderen dowéinst ëmsou méi d‘Roll vun de Kanner-Infirmièren an Infirmièren als Beroder duerch d‘Gesondheetswiesen ze stäerken an dës och de Leit, déi net am Gesondheetssecteur schaffen, accessibel ze maachen!

Och sollt et selbstverständlech kënne sinn, bei Krankheet vum Nowuess doheem ze bleiwen.

An nach eppes Leschtes: hätte mir zu Lëtzebuerg d‘Méiglechkeet, an engem Bachelorstudium zesumme mat den Dokteren ze léieren, wéi een eng kierperlech Ënnersichung, genannt „clinical assessment“ mécht, dann hätt ech dës an aner Situatioune besser aschätzen a méi effizient mam Dokter zesummeschaffe kënnen.

An dat sinn och gläichzäiteg e puer vu menge Wënsch fir 2020, d‘Joer vun der Infirmière.