Wéi geet et eise Studenten a Corona-Zäiten? Vun hinnen gëtt net souvill geschwat. Eng Carte Blanche vum Michel Margue, Geschichtsprofesser op der Uni Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Michel Margue

Loosst mech haut eng Lanz brieche fir e Grupp vu Leit, vun deenen an dëse Corona-Zäiten bis elo net souvill geschwat gouf: de Studentinnen a Studenten. Och si si schwéier vun dëser Kris getraff.
Zu Lëtzebuerg wunnen eng Rei vu Studenten, haaptsächlech Auslänner, a klengen Zëmmeren, déi aner doheem bei hiren Elteren. Déi éischt hu keng Matbewunner, déi zweet hunn der méi, mä net onbedéngt déi, déi se sech gewënscht hätten. Fir déi eng wéi fir déi aner ass de Confinement virun allem d‘Onméiglechkeet, dat ze praktizéieren, wat d’Studentenzäit ausmécht: d‘sozial Kontakter.

"Bleif doheem" ass nieft dem sozialen a psychologeschen awer och e materiellen a pedagogesche Problem. Vill Studentenjobs falen aus, d’Bicher sinn och confinéiert, online Bicher kafen ass deier, de Labo ass nëmme beschränkt zougänglech an de Prof an d’Kolleege sinn hannert dem Ecran, hannert der Scheif.

D’Universitéit huet zu Lëtzebuerg am Verglach zum Ausland de Confinement fréi preparéiert an technesch gutt hi kritt. D’Gebaier sinn zougemaach ginn, mä de Recteur huet kloer gemaach: den Enseignement leeft weider. Remote teaching heescht dat op gutt Lëtzebuergesch, oder Fernunterricht, enseignement à distance. Déi meescht Enseignanten op der Uni ginn also hire Cours weider, lo eben „aus der Stuff“. Et soll einfach weider goen.

Einfach? – net grad! Weider? Bis wéini dann? Hei stelle sech zwou wesentlech Froen.

Déi éischt: Wat ass de Problem vum Fernunterricht? Mee ebe just deen, dass e „fern“ ass. De Prof gesäit viru sech op senger Scheif Initiale vun de Studenten, am beschte Fall si selwer an hirer Privatsphär, oder säin eegene Cours als Powerpoint oder Video. Op där aner Säit vun der Scheif ass e behutsaamt Äntwerte vun de Studenten, léiwer schrëftlech am Chat wéi mëndlech. Alles geet méi lues, alles verlaangt méi Preparatioun, alles ass schwéier ze iwwerpréiwen op d’Resultat. Gefillt ass remote teaching oft méi no beim klasseschen topdown Enseignement, dee mer eigentlech liquidéiert haten. Et kann awer och eng Chance sinn, fir nei Weeër ze goen: méi „online learning“ a manner „remote teaching“, den Exame méi als „formativen échange“ wéi als „Offroe vu Wëssen“. Et ass trotzdeem ze fäerten, dass déi sozio-ekonomesch defavoriséiert Studente méi ënnert dem Confinement leiden, wéi déi aner.

Déi zweet Fro dann: wéi organiséiere mer e responsabele Réckgang an d’Normalitéit? Zou loossen oder opmaachen? Éischt Proposen, fir de Studenten e kontrolléierten Accès zu de Laboen op der Uni, zu de Bicher an de Bibliothéiken an den Dokumenter am Archiv ze ginn, leien um Dësch a sollten net radikale Prinzippie vun enger illusorescher, honnertprozenteger Sécherheet zum Opfer falen. Grenze sollten opgoen – si hätten eigentlech ni dierften zou gemaach ginn. A fir de September musse mer iwwerleeën, wéi en Enseignement an de Gebaier vun der Uni méiglech ass, och ouni Impfstoff. Flexibilitéit an differenzéiert Denken ass hei gefrot – de Contraire vum globalen a radikale Virgoen, wat an enger éischter Etapp vun der Kris wuel richteg war. Op där anerer Säit erfuerdert dëst bei deenen, déi eng fragil Fräiheet zeréckkréien e responsabelen Ëmgang mat där Fräiheet, eigentlech dat, wat d’Zil vun all Formatioun sollt sinn.

Deemno: Bei der Fro no „zou loossen oder opmaachen?", kann et nëmmen heeschen: "wiessel mol d’Scheif!"

Michel Margue, Uni Lëtzebuerg