PISA moosst d'Sprooch méi wéi d'Kompetenz!
© RTL
All dräi Joer publizéiert d’OECD d'PISA-Studie a vergläicht d'Leeschtunge vu 15-Järegen a Liesen, Mathematik an Naturwëssenschaften an erstellt dorobber hin international Ranglëschten.
Lëtzebuerg mécht no sechs Joer erëm mat, d'Resultater vun dësem Fréijoer ginn Enn 2026 erwaart. Grad elo ass eng gutt Geleeënheet, esou mengt et de Gaston Ternes, d'Relevanz an d’Aussokraaft vun dëse Vergläicher ze hannerfroen.
PISA gëllt als wëssenschaftlech, neutral a weltwäit vergläichbar. Dës Objektivitéit soll duerch strikt Krittäre garantéiert ginn – dorënner, datt all Schüler den Test an der offizieller Unterrechtssprooch ofleet. Fir Lëtzebuerg heescht dat Däitsch oder Franséisch an de nationale Schoulen, zousätzlech gëtt Englesch an den internationale Schoulen ugebueden.
D'Participante mussen deemno eng eenzeg Sprooch fir de ganzen Test wielen. Zwee Drëttel entscheede sech bei eis fir Däitsch a mussen esou d'Mathematiksaufgaben och op Däitsch maachen, obschonn dëst Fach an der Schoul zanter dräi Joer op Franséisch enseignéiert gëtt. Dëst weist, wéi wéineg d'OECD-Krittären dem lëtzebuergesche Bildungssystem gerecht ginn, an deem d'Relatioun tëschent Sprooch a Kompetenz vill méi komplex ass.
Statistesch Korrekture kënnen dës Situatioun nëmmen deelweis ausgläichen. An de meeschte Länner fält d'Unterrechtssprooch mat der Mammesprooch zesummen, bei eis net! Eis Schüler sinn net manner kompetent, mee hunn et méi schwéier, d'Texter an der gewielter Testsprooch ze verstoen. PISA moosst also virun allem d'Sproochkompetenz, net déi fachlech Leeschtung.
Loosse mir et däitlech soen: Fir PISA ass Méisproochegkeet éischter en Handicap, obwuel si eng vun eise gréisste Stäerkten ass. Schüler, déi spontan tëschent zwou oder dräi Sprooche wiesselen, entwéckele kognitiv Flexibilitéit, vernetzt Denken a Vergläichskompetenz, genee déi Fäegkeeten, déi eng modern, global orientéiert Bildung verlaangt.
Lëtzebuerg soll sech also vun der OECD net nëmmen einfach moosse loossen, mee et soll aktiv d'Weiderentwécklung vun dëse Studie matgestalten. D'PISA-Tester missten et erlaben, d'Sprooch jee no Fach oder Deelberäich fräi ze wielen. Zousätzlech sollt d'Bewäertung vum kompetente Gebrauch vu méi Sproochen obligatoresch ginn, net nëmme fakultativ a Form vun zousätzleche Modullen, déi bis elo net an de Ranking afléissen. Doriwwer eraus misst d'Bewäertung vum flexibele Gebrauch vu méi Sproochen zum Kärindikator ginn.
PISA kéint esou eng Chance fir Lëtzebuerg ginn: e Labo fir d'Zukunft vum Léieren. Eng adaptéiert Methodologie kéint weisen, datt méisproochegt Denke keen Nodeel ass, mee en Avantage. Dat konsequent Zeréckgräifen op méi Sproochen an engem Fach nieft der Unterrechtssprooch, kéint Sproochen als Hëllef duerstellen a net als Barrière fir ze léieren.
Dat wär eng vun de ganz wichtege Piste fir Lëtzebuerg. Op dës Manéier kéinte mir weisen, datt kompetent sinn net heescht an enger Sprooch denken, mä tëschent hinnen.