Duerch d’Gesetz vum 28. Mee 2019 ass eng europäesch Direktiv vun 2016 a nationaalt Recht ëmgesat ginn, iwwer Moossname fir en héije gemeinsame Sécherheetsniveau fir Netzwierker an Informatiounssystemer an der Unioun ze garantéieren. Wéi ass et da mat der Protektioun vun den Datë vum Eenzelen ? Gëtt alles gemaach wat méiglech ass ? De Gaston Ternes geet an dëser Carte blanche der Fro no.

Eng Carte Blanche vum Gast Ternes

A COVID-Zäiten si mir nach méi wéi soss op Internet ënnerwee.

Eng Plo huet säit der Pandemie massiv zougeholl: de Phishing vum Engleschen “Fishing-Fëschen” ofgeleet. Et ass ee methodescht Virgoe fir u sensibel Date vun eis ze kommen.

D’Statistike si schockant: Nëmmen 3% vun eis maache SPAM-Mailen, also Reklamm-Mailen op, awer des Phishing-Mailen gi vu ronn 30% opgemaach. De järleche Schued fir d’Benelux-Länner gëtt aktuell op 1 Milliard Euro geschat. Den 1. Mount vun der Corona-Pandemie gouf et eleng an Holland 16.000 Phishing Attacken, verglach mat 6.000 déi Méint virdrun.

D’Corona-Pandemie ass déi perfekt Geleeënheet fir Onéierlecher. D’Strategie gëtt ëmmer méi professionell a stäipt sech op den originalen Hannergrond vu bekannten Déngschtleeschter déi mir dacks consultéieren, eis Post, grouss Distributiounsreseauen a Banken. Dir gitt entweder gefrot fir är Passwierder wéinst vermeintleche Secherheetslücken ze aktualiséieren, oder Dir hutt eppes gewonnen, oder ee Produkt hätt net kënne bei Iech geliwwert ginn, well eng Donnée géing feelen: dëst si nëmmen e puer vu villen Ursaachen déi eis lackele sollen fir sensibel Daten erauszeginn. Rezent elo ass déi sanitär Krise vun dëse kriminelle Bande genotzt ginn. Et ass munch een invitéiert ginn 50 Euro fir en Test z’iwwerweisen, woubäi dee jo gratis ass.

D’accord! Banken an aner Institutiounen maachen eis reegelméisseg op Phishing Attacken opmierksam. Mir hunn och eng ganz luewenswäert Initiativ, déi vun der Regierung bedriwwe gëtt, de CIRCL de “Computer Incident Response Center Luxembourg”, dee Virfäll sammelt an eis och beréit.

Et ass och richteg, dass et schwéier ass des Kriminalitéit opzedecken, well d’Initiatoren hier Identitéit hannert sophistiquéierte Methoden verstoppen a well si vu verschiddene Länner aus operéieren, dacks wäit ewech vun eis a mat enger ganz anerer Legislatioun.

Mä maache mir genuch fir dëse Gesellen och wierklech op d’Spuer ze kommen? Mäi Plaidoyer ass et fir speziell Phishing-Gesetzer op den Instanzewee ze ginn, eng breet Publicitéitscampagne ze lancéieren an där een eng séier Prozedur ugëtt, wou des Phishing-Attacken direkt kënne gemellt ginn, fir dass eng Sekonn drop eng Enquête ulafe kann. Esou géingen des Geselle sech op d’mannst e bësse manner sécher spieren.

Mam Gesetz vum 28. Mee 2019 hu mir "A" gesot. Héich Zäit fir och "B" ze soen!

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.