Lëtzebuerg ass en Immigratiounsland. 2020 waren 47,4% vun den Awunner bei eis am Land Auslänner, domadder si mir dat Land an der OCDE mat der héchster Zuel u Migranten. Dat si ronn 296.500 Awunner dovunner sinn 84% EU-Bierger an 16% Leit aus Drëttlänner. Wei gi mir mat den Net-EU-Bierger ëm? Hunn si bei eis eng Chance sozial opzesteigen?

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

De Statec huet kierzlech ënnerstrach, datt an de leschten 10 Joer op eisem Aarbechtsmaart ëmmer méi Auslänner entweder déi héich qualifizéiert oder déi ganz wéineg qualifizéiert Aarbechtsplaze besetzen.

An enger Konferenz huet d'OCDE d'lescht Joer ënnerstrach, datt Net-EU-Bierger, déi bei eis gebuer sinn, iwwerproportional ënnerqualifizéiert an aarm sinn, eng Tatsaach, déi et esou net am Ausland gëtt.

Jonker aus aarme Familljeverhältnisser mat Originne vun ausserhalb der EU hunn iwwerduerchschnëttlech oft weder e Schoulofschloss, nach eng Formatioun oder eng Aarbechtsplaz.

Dës Feststellunge gi vun enger Etüde vum CEFIS iwwer d'Kapverdianer zu Lëtzebuerg bestätegt. 74% vun hinnen hunn nëmmen d’Primärschoul besicht. Si schaffen an net qualifizéierte Beruffer, déi schlecht bezuelt sinn. D’Moyenne vum Stonneloun zu Lëtzebuerg läit fir d'Kapverdianer bei 13,07€, fir d'Portugise bei 15,27€ a fir d'Lëtzebuerger bei 28,81€ ! D’Kapverdianer liewen zu Lëtzebuerg a ganz prekären ekonomesche Konditiounen, obwuel zwee Drëttel vun hinnen enger regulärer Aarbecht noginn.

32% vun de Kapverdianer zu Lëtzebuerg si Proprietär vun hirer Wunneng - mat den deiere Wunnengspräisser an hirer niddreger Kafkraaft wäert sech dës Situatioun och sécher net verbesseren. Am Verglach zu allen anere Nationalitéiten liewen d'Kapverdianer mat just 32 m2 Wunnfläch pro Persoun an der Moyenne op klengstem Wunnraum. D’Lëtzebuerger hunn am Verglach 73 m2 Wunnfläch pro Persoun zur Verfügung - also méi ewéi dat duebelt.

Besonnesch kapverdianesch Jonge ginn an der Lëtzebuerger Schoul nach ëmmer massiv a Filièren orientéiert, an deene si keng oder ganz wéineg Qualifikatiounen erreechen. Hir Eltere fille sech diskriminéiert, well hir Kanner ëmmer erëm no ënnen orientéiert ginn. Et ass kaum virstellbar, a wéi engem Mooss den Homeschooling wärend der Corona-Kris déi sozial Selektivitéit an eiser Schoul nach emol verschäerft. Kanner aus Aarbechtermilieuen hu gemengerhand keng Elteren, déi hëllefe kënnen, si hunn oft emol keen adaptéiert informatescht Material an doheem wéineg Plaz an net déi néideg, Rou fir ze léieren. Et misst een am Fong de schouleschen Noutstand fir dës Kanner a Jonker ausruffen. Ëmsou méi hir Elteren duerch d'Kris och nach riskéieren, hir Aarbechtsplaz ze verléieren, iwwerdeems d'Kanner an der Schoul op der Streck bleiwen. Dës Kanner a Jonker sinn hei gebuer an Deel vun eiser Gesellschaft – mer sinn et hinnen an hiren Eltere schëlleg, eng ugemoosse schoulesch Ënnerstëtzung unzebidden, déi hinne reell a gläichwäerteg Chancen op eisem Aarbechtsmaart bitt.

Diskriminéierung féiert zu Frust a Frust ass Gëft fir eisen sozialen Zesummenhalt!