Viru kuerzem huet eise Premier sech anstänneg opgereegt a sot „Et kann net sinn, datt 85 Prozent vun de Leit musse weider Restriktiounen hunn, net dierfen dat viregt Liewen zeréck fannen, well 15 Prozent net wëlle geimpft ginn.“

Carte Blanche vum Anne Goeres

Testzentere ginn een nom aneren zougemaach an de gratis Zougang huet opgehalen. Den Impfbus vum Ministère fiert duerch d’Land an hofft nach weider Leit z’iwwerzeege sech ze impfen.

Aktuell schéngt den Ecart tëscht de Geimpften an den net Geimpften nach méi grouss ze ginn an Toleranz ëmmer méi kleng. D'Diskussiounen dréinen am Krees – d’Impfgéigner bleiwen op hirer Positioun an déi Geimpfte rëselen de Kapp a weisen ëmmer méi mam Fanger op déi aner. Iergendwéi erënnert mech dat un d'US Wale virun e puer Joer: Trumpwieler an Trumpgéigner. Deemools si Stied, Dierfer a Famille gestalt an d’Konsequenze waren, déi di se ebe waren. Traureg a Schued.

Awer, ech si selwer geimpft, an zwar bei der éischt beschter Méiglechkeet, déi sech erginn huet. Jo kloer: ech wollt rëm an de Restaurant a reesen ouni mussen dauernd en Test ze maachen oder weider ageschränkt ze bleiwen! Ech wollt esou oft ewéi mer Loscht hate bei meng Mamm fueren, déi vulnerabel ass, ouni déi onnëtz a Gefor ze bréngen.

Awer dat war net den Haaptgrond firwat ech mech wollt impfe loossen. Als Bierger vun dëser Welt kann een a soll een och mol Saache kenne maachen, déi net nëmme fir sech selwer sinn, mee déi der Allgemengheet déngen. Ech wollt mech impfe loosse wéinst der Gesellschaft an där ech liewen, fir meng Famill, Frënn a Bekannten, mee och all déi Friem ronderëm.

An dëst mécht et an dëser Pandemie esou schwéier: et geet net nëmmen em sech selwer, säin eegene Schutz, wou een nach kéint selwer entscheede wéi vill Risiko ee well fir sech agoen oder net. Neen, et geet em villes méi, an zwar em déi solidaresch Kollektivitéit. An déi ass mer derwäert. Am Numm vun allen jonken a manner jonke Leit, déi net kënne geimpft ginn, am Numm vum ganze Fleegepersonal, datt se rëm bëssi méi zur Rou kommen, am Numm vun de Wëssenschaftler, am Numm vun alle Bekannten an Onbekannten dobaussen.