E Land wéi Portugal ass europäesche Spëtzereider an der Impfcampagne mat 91% vun der Bevëlkerung, déi eng 1. Impfung kritt hunn. D’europäesch Moyenne läit bei em 70%, wärend zu Lëtzebuerg nëmmen 365.000 Leit, also 63,2% vun der Bevëlkerung eng 1. Impfdosis kritt hunn, obwuel genuch Vaccin disponibel ass (*1). Dofir huet dann och de Vizepremier François Bausch hei op der Antenne sech enttäuscht gewisen iwwert déi niddreg Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg an d’Familljeministesch Corinne Cahen sot – och bei eis op der Antenne – si géif déi Leit net verstoen, déi de Vaccin refuséieren. De Paul Hammelmann versicht a senger Carte blanche eng Explikatioun zu dësem Refus ze ginn.

Eng Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Wann een an der Wochenzeitung „Land“ (*2) d’Aussoe vun 2 Educatricë liest, déi d’Impfung kategoresch refuséieren, fënnt ee schonn eng 1. Explikatioun zum decevante Lëtzebuerger Impftaux.

Do erzielen eng Léierin an eng Educatrice, si géife sech op kee Fall impfen loossen, ni eng Mask undinn, keng sozial Distanz respektéieren – och net bei hire Schüler – mä dofir wiere si awer vill an der indescher Gëtterwelt ënnerwee, géife reegelméisseg Vitaminn D, B12, K2 an Omega 3 schlécken a géife sech – an zwar dagdeeglech - 60 Minutten an de soziale Medien iwwer Corona informéieren.

Do muss ee sech emol fir d’alleréischt d’Fro stellen, wisou esou farfelus Personnagen an der Erzéiung däerfen täteg sinn, wann ee weess, datt an dëse Medie prioritär déi Asozial (*3) hirer Gefillsinkontinenz fräie Laf loossen, natierlech anonym.

A genau dat schéngt mir ee vun de Probleemer ze sinn: wärend engersäits edukéiert, verstänneg a sozial kompetent Leit sech wéi gewinnt an deene Medien informéieren, déi eng Renommée hunn, déi eng journalistesch Deontologie respektéieren, déi hier Quellen zitéieren a kontrolléieren, fält dës Kategorie vun Zäitgenossen ëmmer méi op esou „Ratefänkerten“ am Internet eran, insofern se iwwerhaapt liese kënnen.

Dem bekannte griicheschen Tennisspiller, dee sech kierzlech géint de Vaccin ausgeschwat huet, sot e Regierungsspriecher: „Hien huet weder Connaissancen, nach de Bagage, nach Recherchen, fir doriwwer eng fondéiert Meenung ze hunn.“

Dës omnipresent Dommheet schéngt mir awer net di eenzeg Explikatioun vum Abstentionismus ze sinn.

Et gëtt och eng Rei Leit, déi obwuel se de Vaccin mam Impfbus bis virun d’Dir geliwwert kréien, wärend si wärend der Fouer oder der Oktav de Wee an d’Stad gutt fannen, en trotzdeem refuséieren a sech op déi ominéis individuell Fräiheet beruffen.

Dat si ganz oft déi selwecht, déi ouni mat der Wimper ze zucken, Malaria-Pëlle schlécken a sech géint giel Féiwer sprëtze loossen, just fir an Afrika op de Safari ze fléien!

De Premier hat dofir esou Recht, wou hien an der Chamber beim leschte Vott zum Covidgesetz senger Roserei fräie Laf gelooss huet: Et kann ee keng Majoritéit vun hire Rechter privéieren, well eng Minoritéit einfach net wëll agesinn, datt e kollektiven Effort géint de Virus néideg ass.

(1) All Donnéen stand 3.9.2021 (Quelle: „Land“)
(2) Land vum 3.9.2021
(3) Am originellen Sënn vum Wuert („sich nicht in die Gesellschaft einfügend“)