De 25. November war den internationalen Dag fir d’Eliminatioun vun der Gewalt géint Fraen an den 29. dee vun de Mënscherechtsverdeedegerinnen. Den 9. Dezember ass den internationalen Dag vun de Mënscherechtsverdeedeger an den 10. dee vun de Mënscherechter. Dës Deeg musse laut dem Magali Paulus zemools an dëse speziellen Zäiten nach méi gewierdegt ginn. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

All drëtt Fra wäert an hirem Liewen Affer vu physescher oder sexueller Gewalt sinn. Entweder d’Claudine, d’Jeanny oder ech. Gewalt géint Fraen a Meedercher ass eent vun de Mënscherechter, dat op der Welt am meeschte mëssbraucht gëtt. An och wa momentan wärend der Orange Week vill doriwwer geschwat gëtt, feelt et leider oft um Hannerfroe vun de strukturelle Grënn vun där Gewalt. Et geet drëms, déi patriarchal Strukture vun eise Gesellschaften unzegoen. Et ass net normal, dass Frae sech nach ëmmer schummen, iwwert Vergewaltegung, Atouchementer, sexuell a sexistesch Remarken ze schwätzen a se ze denoncéieren. Et ass net normal, dass ëmmer erëm driwwer geschwat gëtt, wéi d’Fra ugedoe war a wou se war, wéi se vergewaltegt gouf. Et ass net normal, dass all 2. Fra op der Welt sech onsécher fillt, wa se nuets leng ënnerwee ass. Mir mussen déi strukturell Dominatioun ënnerbannen.

Mir brauchen hei zu Lëtzebuerg och méi kloer Zuele wat d’Gewalt u Fraen a Meedercher ugeet, an eng legal Definitioun vum Begrëff Feminizid. E Feminizid ass e Mord un enger Fra, well se eng Fra ass. E Mord a kee Bezéiungsdrama. Wéi oft Frae vun hire Partner oder Expartner ëmbruecht ginn, nodeems den Dag virdrun d’Police scho geruff ginn ass, war wéinst haislecher Gewalt? Méi kloer Zuele vu Feminizide fuerdert de Kollektiv vun de Colleuses contre les féminicides zu Lëtzebuerg. Déi Frae sinn nuets ënnerwee, fir hir Messagen op Maueren ze pechen, fir Zuelen ze fuerderen, fir sech fir e gesellschaftleche Wandel anzesetzen.

Eis Gesellschaft brauch all Forme vun Aktivismus, fir d’Mënscherechter. Vill Mënschen, déi d’Mënscherechter verdeedegen - défenseur-e-s des droits humains - gi menacéiert, persecutéiert, kriminaliséiert, calomniéiert, exiléiert an esou guer ëmbruecht. Fraen, déi sech fir d’Mënscherechter asetzen, ginn net nëmme schikanéiert, well se défenseur-e sinn, mee och well se sech als Frae fir hir Rechter an déi vun hire Communautéiten asetzen. Si si mat enger duebeler "Laascht" konfrontéiert. Dofir ass et wichteg, dass mer alle Fraen, déi wéinst hirem Aktivismus Affer vu Persecutioun sinn, a sech trotzdeem weider asetzen, ouni Konditioun ënnerstëtzen. An och méi global, dass mer alle Fraen a Meedercher, déi Affer vu Gewalt waren, soen: Ech gleewen der!

Carte Blanche: Magali Paulus