Déi sougenannten onofhängeg Kënschtler ginn ëmmer méi ofhängeg, sou dass et der um Enn ëmmer manner ginn, well wa se ofhängeg sinn, si se jo keng onofhängeg Kënschtler méi. Dat stellt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche fest.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

En neie Gesetzesprojet iwwert déi sozial Mesurë fir Kënschtler ass um Instanzewee. All Verbesserungen op deem Plang sinn natierlech ze begréissen, well d'Montanten, d'Prozedur an d'Formulatioun vun dësen Hellëfsmëttelen droe bis haut de Stempel vun engem Mësstraue géintiwwer dem Kënschtler, deen ëmmer nees beweise muss, dass en och wierklech Kënschtler ass, an dass en och wierklech schafft.

Wat ass iwwerhaapt en onofhängege Kënschtler ? Een, dee vun engem Gremium an engem Ministère dësen Titel kritt, an dofir däerf sozial Hëllefen ufroen? Nee, am Idealfall ass e guer net op déi Hëllefen ugewisen, e kritt genuch Engagementer an huet eege Projeten, déi sech selwer droen. Zil vun all Kulturentwécklung misst et sinn, sou vill Kënschtler wéi méiglech op dëse Wee ze bréngen.

Dat ass bei eis net de Fall, soss missten déi knapp 300 Leit, déi beim Ministère ugemellt sinn, net sou dacks vun de Mesurë profitéieren, fir op d'mannst all Mount op de Mindestloun ze kommen. Och an der Covid-Kris ass manner op direkt Hëllef, fir weider ze schaffen, gesat ginn, wéi op sozial Ënnerstëtzung, déi awer scho bal wéi eng Belounung war, fir doheem ze bleiwen. Nach méi Kënschtler wéi virdru rechnen elo all Mount mat dësen Hëllefen, wéi wann et en Deel vun der Paie wier. A Wierklechkeet gi se duerch dëse System awer ëmmer méi ofhängeg vum Staat, wou gutt bezuelte Fonctionnairë sëtzen an iwwert hir Zukunft decidéieren.

Ganz gär ginn d'Kënschtler och encouragéiert ofhängeg vun engem aneren Akommes ze bleiwen, a ganz niewelaanscht oder Semi-professionell ze schaffen, mat Mesurë wéi dem Congé culturel. En onofhängege Kënschtler mécht keng Konscht am Congé, mä am Alldag.
Eng weider Ofhängegkeet ass déi géintiwwer de kulturellen Infrastrukturen. Och hei sëtze Mënschen, déi e sécheren Job an e fest Akommes hunn, an decidéiere wéi eng Kënschtler wéini, wou a wat schafen a schaffen däerfen. Si entscheeden, wéi zum Beispill mat den Appels à projets, net nëmmen iwwert d'Form, mee och iwwert d'Inhalter vun deem wat produzéiert a gewise gëtt. Well déi artistesch Direktere vun dësen Haiser och bal all bis zur Pensioun op hire Plaze bleiwen, gëtt et sielen Ofwiesslung an der Programmpolitik, an d'Entscheedungskraaft bleift ze laang an de selwechten Hänn. An dësen Haiser kréien d'Artiste vun hei och net genuch Aarbecht ugebuede, a ginn net gutt genuch bezuelt, fir wierklech onofhängeg kënnen ze sinn. Um Publikum feelt et net, deen huet groussen Interessi u Konscht déi hei gemaach ass, an och vun deem schwätzt, wat hei geschitt.

De soziale Gruef an d'Ofhängegkeetsverhältnis tëscht de Kënschtler an deenen, déi am Kultursecteur ronderëm d'Kënschtler schaffen, gëtt ëmmer méi grouss. Déi fest Aarbechtsplazen am Secteur multiplizéiere sech, mä et gi kaum nohalteg Engagementer fir d'Kreatioun, ëm déi et awer um Enn jo geet. Gebraucht gi Kontrakter op laang Dauer, nohalteg Produktiounen, Compagnien, anstänneg bezuelten Engagementer a Residenzen, an net weider dee Produktiounswahn vun enger Wegwerfkultur, an där de Kënschtler vun hei just eng Spillfigur ass, ëmmer méi ofhängeg gëtt, an dat meeschtens ouni sech ze wieren. Vläicht well et ëm iwwerhaapt net méi opfält.