Bis ewell ass all Zivilisatioun kuerz no hirem Héichpunkt ënnergaangen. Neierdéngs steet och eis Zivilisatioun op sou enger Kräizung.

Si mer och zum Ënnergang condamnéiert, widderhëlt d'Geschicht sech oder hu mer e Choix? Dozou eng Carte Blanche vun eisem Hausphilosoph, dem Jean-Luc Thill.

Carte Blanche Jean-Luc Thill

"The road not taken" ass e Gedicht vum Robert Frost aus dem Joer 1916. An de Geschichtsbicher vun eiser Géigewaart liese mer an Zukunft, ob mer de richtege Wee op der Kräizung gaange sinn.  Babylon, Roum wéi och déi aner Formen vun Zivilisatioun si bis ewell ënnergaangen - no enger Phas, déi d'Geschicht ëmmer als dekadent beschriwwen huet. Neierdéngs steet och eis Zivilisatioun op sou enger Kräizung - an um Horizont weise sech schonns méi laang déi éischt däischter Wolleken:

Déi dekadent Ongläichheet vu superräich an aarm wéi eng Kierchemaus, vum wuessenden Extremismus a Populismus bis hin zum A-Fro-Stellen vun Entscheedungsprozesser, alle virop déi, wou eng Demokratie ausmaachen. Déi ekologesch Degradatioun, de Klimawandel an d'Tatsaach, d'Zukunft ze hypothekéieren, also finanziell ze verschëlden, fir Géigewaart ze bezuelen, sinn alles Zeechen, datt eis aktuell Zivilisatioun hir Limitten erreecht huet. D'Fro, déi sech stellt, ass: Si mer och zum Ënnergang condamnéiert, nom Motto "Geschicht widderhuelt sech" oder hu mer e Choix?

D'Symptomer weise sech an enger erschreckender Vitess - vum Héichwaasser bis bei déi aktuell Pandemie. D'Ursaache sinn och sou gutt dokumentéiert a recherchéiert wéi nach ni virdrun. An nawell bréngt eis Vernonft, an dësem Fall déi politesch, et net fäerdeg, sech dëse Konklusiounn vum Verstand, also der Wëssenschaft, unzeschléissen - mat engem schéine Bonjour vum Immanuel Kant.

"Ech schreiwen Iech aus der Zukunft"....wat am Back to the future amuséiert huet, gouf mam Bréif vun der italienescher Schrëftstellerin Francesca Melandri de 26. Mäerz 2020 eng batter Realitéit. Eng Wierklechkeet, déi awer weder mat Covid19 ugefaangen hunn, awer historesch de pandemeschen Ënnergang vun eiser aktueller Zivilisatioun emol kënnt ausgeléist hunn.

Mam Kollaps virun den Aen hunn déi fréier Zivilisatioune versicht, mat méi vun deem Alen d'Situatioun ze retten - also méi Blutt, méi Maueren, méi Paschtéier a méi Affer.  Resultat : Si konnte sech net nei denken an erfannen an den Ënnergang wär ne ze evitéieren.

Och mir hunn am Moment d'Tendenz, de bestoende Modell - nämlech deen industriellen - mat alle Mëttel um Liewen ze erhalen: Stéchwuert 3. industriell Revolutioun: méi Zentralisatioun, méi Ausbeutung, méi Raubbau un der Natur alles am Numm vum Wuesstem. Sou wéi d'Wëssenschaft pandemiebedéngt eng nei Plaz an eisem Alldag krut, so muss och Politik a Wirtschaft der selwechter Wëssenschaft hir Hiobsbotschaften an apokalyptesch Zenarien fir eis Zukunft als Gesellschaft eescht huelen. Dat wat bevirsteet, nennt sech Armageddon. Awer net am original biblesche Sënn als transzendent, gëttlech Strof, mä als hausgemaach & manmade, sou wéi och déi Hären James Arbib & Tony Seba vun Rethink dat gesinn.

Den Outcome ass kloer mam Ënnerscheed, datt d'Mënschheet - also mir - fir d'éischte Kéier, souwuel d'Informatioun wéi och den Knowhow hunn, dësen Ënnergang an een Iwwergang ëmzegestalten. Kuerz, mir hunn de Choix, datt d'Geschicht sech net muss widderhuelen.

Schued a virun allem geféierlech ass, datt d'Politik all ze gären dem naturalistesche Fehlschloss verfält, also well et sou ass, soll et och sou sinn, respektiv bleiwen.

Dofir, léif Regierung, dir gitt an Zukunft dru gemooss, wéi vill a wéi séier der onpopulär Entscheedunge konnt ëmsetze mam Präis, eréischt a wäiter Zukunft fir déi Aarbecht gelueft ze ginn ... also déi Strooss geholl ze hunn, déi an den Zäitalter vun der Fräiheet féiert.