D'Wëssenschaft huet an der Vergaangenheet schonn oft als Bréck tëscht Länner gedéngt, déi eigentlech net méi matenaner schwätzen. Wat fir eng Roll Fuerscherinnen a Fuerscher am aktuelle Krich an der Ukrain, an och duerno kenne spillen, erkläert de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

De virleschte Weekend, 3 Deeg nom Ufank vun der russescher Attack op d'Ukrain, krut ech e Message vum Olga Polotska, der Direktesch vum Nationale Fuerschungsfong vun der Ukrain – also dem Equivalent vum Lëtzebuerger FNR.

D'Fuerschungslandschaft an der Ukrain hat sech an deene vergaangene Jore groussaarteg entwéckelt an net méi spéit ewéi am Oktober ass d'Land un de Kaderprogramm "Horizon Europe" vun der Europäescher Unioun associéiert ginn, de weltwäit gréisste Programm fir wëssenschaftlech an technologesch Kooperatioun.

An elo, keng 5 Méint méi spéit, si Fuerschung an Universitéisaktivitéiten an der Ukrain abrupt gestoppt. Och Universitéiten a wëssenschaftlech Instituter si schonns an den alleréischten Deeg bombardéiert ginn, also net just militäresch Ziler, ewéi deemools nach vum Putin behaapt gouf. E puer Deeg duerno huet d'Olga nach eng Kéier geschriwwen, aus engem Loftschutzraum zu Kiew, fir ze soen, dass d'Situatioun sech leider dramatesch verschlëmmert huet. Hatt huet en drénglechen Opruf fir staark Sanktioune géint Russland gemaach – wat mëttlerweil jo och geschitt.

Gläichzäiteg sinn ech och vun enger Partie Lëtzebuerger Wëssenschaftler kontaktéiert ginn, déi proposéiert hunn no Méiglechkeeten ze sichen, fir déi Studenten a Fuerscher z'ënnerstëtzen, déi aus hirem Land musse flüchten.

An da gëtt et och en oppene Bréif an deem russesch Wëssenschaftler, Akademiker, a Wëssenschaftsjournalisten sech mat ganz klore Wierder géint de Krich an der Ukrain ausdrécken, ech zitéieren:

"Mir gesi mat Batterkeet, datt eist Land, dat en entscheedende Bäitrag zur Victoire iwwer den Nazismus gemaach huet, elo den Initiator vun engem neie Krich um europäesche Kontinent ginn ass. Mir fuerderen den direkte Stopp vun all militäreschen Aktioune géint d'Ukrain. Mir fuerderen de Respekt vun der Souveränitéit an der territorialer Integritéit vum ukrainesche Staat. Mir fuerdere Fridde fir eis Länner. Loosst eis Wëssenschaft maachen, net Krich!"

Mëttlerweil hu 7000 russesch Wëssenschaftler dësen oppene Bréif ënnerschriwwen, wëssend, dass si dowéinst kënne bestrooft ginn an an de Prisong kommen.

An dat gëtt da villäicht e bësschen Hoffnung. En anert Land militäresch ze iwwerfalen, mëtten an Europa, ass eppes, dat och fir vill Russen net akzeptabel ass. An duerfir sinn ech sécher dass den Dag wäert kommen an hoffentlech dauert et net ze laang – wou d'Ukrain erëm wäert fräi sinn. An dee Moment wäerte mer op béide Säiten oprecht Leit brauchen, fir Vertrauen a gudde Wëllen erëm lues a lues opzebauen. Fuerscher a Wëssenschaftler, déi eng laang Traditioun vun internationaler Zesummenaarbecht iwwert d'Grenzen ewech gefleegt hunn, wäerten dann dobäi kënnen eng wichteg Hëllef sinn.

Kuck och: FNR statement on Ukraine