Wat si mir bereet, fir déi wierklech wichteg Ressourcen auszeginn, déi ons erlabe friddlech a gutt zesummenzeliewen? Vum Pierre HURT, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)

Klimakris, Energiekris, Sanitärkris, Confiance-Kris an d’Medien an d'Politik an d’Wëssenschaft, déi monopolistesch Emprise vun de Gafam, déi Geopolitesch-Kris, de Krich,…

A si hänken all zesummen.

Carte Blanche vum Pierre Hurt

De Grondproblem ass: Wat si mir bereet fir déi wierklech wichteg Ressourcen auszeginn, déi ons erlabe friddlech a gutt zesummenzeliewen?

Wat ass ons d’Aarbecht vum Eenzelen, d’Educatioun, d‘Ernierung, d’Wunnen, d’Kultur an d’Securitéit wierklech wäert? Well zum Beispill ass an deene leschte Joerzéngten hei a Westeuropa de Prozentsaz vum Akommes, dee mir fir d’Ernierung ausginn, dramatesch gefall. Mat all deene Konsequenzen, déi mir kennen.

Mir brauchen einfach méi eng gesond Autarchie, besonnesch an alle vitale Beräicher, net fir sech ofzekapselen, mä au Contraire, fir als fräi Gesellschaften a mëndeg Bierger am weltwäiten Netzwierk resilient zesummenzeliewen, fir onst Wëssen, ons Kulturen ze echangéieren, déi ons zesumme weider bréngen.

Wéi an all gudder Relatioun, brauch ee gläichberechtegt, onofhängeg an opgekläerte Partner, fir datt et funktionéiert. Mir mussen och oppassen, dat mer net dem geféierleche Versprieche vun der „staarker Hand“ verfalen.

Firwat ass dat esou? Well mer ganz oft op der falscher Plaz spueren. A vill ze kuerzfristeg denken.

Och feelt et ons oft u Kuriositéit fir dat Onbekannt, fir dat Anert an deen Aneren.

Dofir brauche mir eng nei Opklärung, och am Ëmgang mat de Réseaux sociaux, eng besser Educatioun vum kriteschen awer oppene Geescht – dem „esprit cartésien“ –  dee sech vun der Realitéit a vun de Fakte leede léisst.

Awer och mat der néideger Empathie an Emotioun. Mir mussen erëm léieren oppen ze diskutéieren, fair Kompromësser am Gemengewuel ze droen, a richteg ze deelen. D‘Sanitärkris huet gewisen: et kann ee selwer alles hunn, mä ouni déi Aner geet et net. Dofir: en new Deal tëschent Aarbecht a Kapital.

D'Ursaache vun eise Problemer sinn net nëmmen déi Aner, mä och mir selwer. D’Solutiounen hu mir all zesummen an der Hand.

Mat hirer Onofhängegkeet a Kompetenz, sinn d'Architekten, d'Ingenieuren an d’Urbaniste prett fir hire ganzheetlechen Deel bäizedroen.

Ech hoffen, dass d’Walprogrammer vun de Parteien d'nächst Joer déi richteg Themen awer och Léisungsvirschléi setzen, well Business as usual geet net méi.