D’Fro "Wat kann d’Infirmière iwwerhaapt selwer decidéieren? Well sou wéi ech et verstanen hunn, decidéiert den Dokter an d’Infirmière féiert aus, oder?" traut ee sech bal net haart auszeschwätzen, mä déi stelle sech vläicht méi Leit ewéi ee mengt. An hirer Carte Blanche geet d'Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff op déi ënnerschiddlech Grënn an, firwat d'Infirmière leider oft nach als Assistent vum Dokter gesi gëtt.

Carte Blanche vun der Anne-Marie Hanff

Net seele gëtt de Beruff vun der Infirmière op Akten ewéi picken oder Verbänn maache reduzéiert. Akten, déi si an Zesummenaarbecht mam Dokter duerchféiert. Wärend den Dokter den Expert vun der Erkrankung selwer ass, ass d’Infirmière den Expert fir d'Problemer, déi duerch d'Erkrankung entstinn. Well si de meeschte Kontakt mat de Betraffenen huet, iwwerhëlt si och Akten, déi normalerweis ënnert d’Aufgab vum Dokter falen. Dëst ass dann op Ordonnance vum Dokter. Donieft kann d’Infirmière besonnesch bei net-medikamentéisen Moossnamen entscheeden, wéi si zum Beispill d'Péng vun den Betraffene soulagéiert: killen, wiermen, positionéieren, oflenken, informéieren wat déi Betraffen selwer maache kënnen.

Wärend dëst selbststännegt Schaffen den eigentlechen Infirmiersberuff ausmécht, neigen d‘Infirmièren dozou, déi bezuelten Akten op Ordonnance vum Dokter als Haaptaufgaben ze verënnerlechen, well ebe bal nëmmen dës Ausschnëtter finanzéiert ginn, a wëll fir déi aner Saache keng Zäit méi bleift. Dëst huet sech leider och op politescher Ebene an an eiser Gesellschaft festgesat. Dobäi ass et grad déi Aarbecht ouni Ordonnance vum Dokter, déi mécht, dass d’Infirmière hiert Potential voll ausnotze kann.

Hei en Beispill: D’Infirmière kënnt all Dag bei d‘Madamm Z., fir hiren Bluttzocker ze moossen. Si huet dofir nëmmen e puer Minutten, soudass si dono séier weider bei den nächste Client fiert. Enges Daags mierkt si, dass d’Mme Z verwäsch schwätzt an duercherneen ass, si huet Wahnvirstellungen. D‘Infirmière ënnersicht si op Unzeeche vun engem Hiereschlag a rifft um Wee bei den nächste Client dem Jong vun der Mme Z. un. Si huet keng Zäit, fir den Problem weider ofzeklären - dobäi ass Weekend, a si recommandéiert dem Jong, d’Ambulanz ze ruffen, fir dass ee sech drëm këmmere kann. E Besuch an der Urgence, deen d‘Famill der Mme Z., wa méiglech, gären erspuere wéilt.

Wat gouf elo iwwersinn? D'Madamm Z. huet och eng Liewerzirrhose, dat heescht, d’Liewer kann de Kierper net méi entgëften. Den Ammoniak schiedegt d’Gehier a féiert zu den Symptomer vun der Mme Z. (och genannt hepatesch Enzephalopathie). Dëst kann ënner anerem duerch ee Sirop verhënnert ginn. Et huet sech erausgestallt, dass dëst bei der Mme Z. den Fall war: D’Mme Z. huet de verschriwwene Sirop net geholl. Si geet och nëmme wann et onbedéngt néideg ass bei en Dokter.

D’Infirmière kënnt zwar all Dag, fir den Bluttzocker ze moossen, de System gesäit awer keng Zäit fir, fir dass si vu sech aus d'Medikatioun an d'Komplikatioune vun enger Liewerzirrhose suivéiert, obwuel si d’Kompetenzen dofir huet a sur Place ass. Si kann also ganz vill selwer decidéieren, mä den Kontext mécht et hir net einfach.

Fir an Zukunft der Mme Z. en Openthalt an den Urgencen ze erspueren an der Infirmière hir Kompetenze sënnvoll ze notzen, muss si eng Consultatioun Infirmière ofrechne kënnen. Dëst erlaabt an Zesummenaarbecht mam Dokter bei hir den Suivi ze maachen, ouni dass hire Beruff op en eenzegen Acte vun e puer Minutte reduzéiert gëtt.