Wärend der Corona-Kris a wa se sech berouegt, sinn et rëm déi méi Schwaach, déi de méi deiere Präis musse bezuelen.

Wéi all Kris wäert dës Kris nei Normalitéite schafen an dës Kéier mussen déi richteg Weiche gesat ginn.

De Commentaire vum François Aulner

All Kris ass d’Occasioun, fir nei Mesuren ze realiséieren, déi virun der Kris ondenkbar gewiescht wieren. D’Krisemesuren no den Attentater vum 11. September 2001 – de Patriot act – goufen zur neier Normalitéit. D’Finanzwelt ass vun enger Phas vun Dereguléierung virun 2008, vun haut op muer an eng Phas vu Reguléierung gaangen. Nach ass déi aktuell sanitär Kris net iwwerstanen, ma grad elo muss awer schonn decidéiert ginn, wéi et duerno weidergeet.

Lëtzebuerg steet, dank sengem Wuelstand, éischter gutt do, och wa fir de Fleege- a Santéssecteur dat Schwieregst réischt wäert kommen. Mä elo scho sinn hei am Land d’Ongläichheete frappant, wéi d’France Clarinval an engem Edito op RTL 5 Minutes exzellent beschriwwen huet. Ob een an engem klenge Studio lieft oder en Haus mat Gaart huet, lieft een de Confinement anescht. Wann een am Santéssecteur, an der Liewensmëttelketten oder am Botzsecteur schafft, ass een elo dem Virus méi ausgesat wéi déi, déi duerch hir Reesen als éischt infizéiert goufen. D’Schoul doheem riskéiert Inegalitéite weider ze verschäerfen.

D’Leit, déi e CDD hunn, d’Independanten, déi kleng Betriber, déi Leit, déi kee Kapital op der Säit hunn: Vum wirtschaftlechen Impakt vun der Corona-Kris wäerte sécher och op éischter Plaz déi defavoriséiert a prekär Stéit leiden. Den Disaster Relief, d’Stabiliséierungsmesuren, déi d’Regierung ugekënnegt huet, droen deem natierlech e bësse Rechnung. Just dat geet net duer.

Natierlech Selektioun vs Chancëgläichheet

D’Mesuren, déi d’Ongläicheete kënne reduzéieren, si komplex an dacks onpopulär, well se net richteg verstane ginn oder e Broch mam Status Quo duerstellen. Mä et gëtt se. Spéitstens elo, ofgesinn dovunner, datt déi aner dringend Kris, d’Klimakris, ouni sozial Gerechtegkeet, net ka geléist ginn, muss d’Welt no der Corona-Kris op aner Weiche kommen. An elo huet d’Welt Zäit, fir déi Mesurë konkret auszeschaffen, ze kalibréieren an z’erklären.

De Schrëftsteller Yuval Noah Harari schreift zur Corona-Kris, d’Welt hätt de Choix op zwee Niveauen: entweder totalitär Iwwerwaachung oder Stäerkung vun de Bierger. Op der anerer Säit de Choix tëscht nationalem Isolationismus oder internationaler Solidaritéit.

Léiwer wéi nei Appen, fir de gesondheetlechen Zoustand vu jiddwerengem live ze moossen, léiwer wéi zoue Grenzen, léiwer wéi ëmmer méi héich Staatsscholden, kéint ee sech dës nei Normalitéite virstellen: nieft engem universelle Grondakommes och en universaalt Grondkapital. Marginal Spëtzesteiersäz wéi nom 2. Weltkrich a gestaffelt Kapitalsteieren ouni Schlupflächer. Oder nach massiv staatlech Investissementer an d’Recherche, d’Santé, d’Educatioun.

Amplaz déi aktuell natierlech Selektioun – sozialen a wirtschaftlechen Darwinismus - muss et no der Kris Chancëgläichheet a fair Solidaritéit sinn.