Présentez-armes!

© RTL
E Mëttwoch ass et souwäit - eng Sozialkris, déi eng Zäsur fir d'Regierung duerstellt, kéint op en Enn kommen - oder och net. Op d'mannst d'Gewerkschafte schwätze vun enger akuter Kris. D'Patronat seet, datt hire ganze Secteur hippt an och an der Kris ass. An d'Regierung? Jo, d'Regierungsekipp ass den Hond am Keelespill - an op dee kënnt et e Mëttwoch un - seet sech de Roy Grotz a sengem Commentaire.
Well dee Mupp muss jo aus dem Keelespill eraus - déi Kou muss jo vum Äis... an do kënnt et elo ganz vill op déi un, déi d'Mediatioun an deem iwwerhëtzte Match mussen iwwerhuelen - déi Facilitateure solle sinn - e Konzept, dat bis dato, wéi et schéngt, net sou ganz vun der CSV-DP-Ekipp verstanen a scho guer net applizéiert gouf.
Wéi ass sech soss z'erklären, datt op engem sonnege Samschdeg, amplaz an de kille Bësch oder bei eng Baach Ofkillung sichen ze goen, eng 15.000 Leit an d'Stad gepilgert komm sinn, fir géint d'Attitüd vun dëser Regierung ze manifestéieren? E Schlag an d'Gesiicht fir d'Ekipp Frieden/Bettel, déi dach sou vill um Pabeier op Konsens setzt, mee dat wéi et schéngt net bei de Leit ukënnt.
D'Patronen hunn d'Fauscht an der Täsch gemaach, verweisen - zu Recht - op déi sëllege Contrainten an Entwécklungs-Limitatioune grad wéi reglementaire Exzesser an den enorme Chantier vun der Energie-Transitioun, mat deene si konfrontéiert sinn, mee kommen awer muer an de Staatsministère - gelueden, mee gespréichsbereet.
D'Kou déi vum Äis muss, fänkt och mat K un, d'Kollektivverträg sollen de Monopol vun de Syndikater bleiwen - kloer, well soss ass d'Grondlag, de core business an d'syndikal Justifikatioun, fleeten - an op deem Punkt - Nummer 2 muer um Ordre du Jour wäert et keen Dibbelche vu Konzessioun ginn. Dat léisst dann natierlech fäerten, datt d'Punkte vun der Aarbechtszäit-Reglementatioun DAT gliddegt Eise ginn, dat d'Reunioun implodéiere léisst.
De Premier wëll séier duerch de Bësch vun de Sujeten an am léifsten no zwou Reuniounen zu Resultater kommen an iwwer Aarbechtsgruppe schaffe loossen respektiv e Gremium wéi de CPTE nees reaktivéieren. Ech woen ze bezweifelen, datt dee Plang opgeet an d'Sozialpartner do matspillen, well si wëllen op Aenhéicht gehéiert, eescht geholl an net ofzerwéiert ginn.
Als Mediateuren dierften dann d'blo Regierungsleit an d'Spill kommen, déi sech bis ewell ganz bewosst diskret op de Gradine vun den Observateuren zeréckgehalen hunn. Dat weist och d'Ekipp vun e Mëttwoch aus, wou de Vize-Premier sech mat Personnagen ëmgëtt, déi villes kënnen aussetzen a wëssen, wat et heescht, ze verhandelen an ze läschen: de Beruffspompjee Max Hahn an d'polyvalent Fiedemzéier Meisch an Delles.
De Generaldirekter Frieden ass vun de professionellen abberdéngege Parteizaldoten Deprez, Mischo a Roth assistéiert - et dierft deemno sou sinn, datt d'DP-Ministeren de Lead wäerten iwwerhuelen, wa wierklech musse Kompromësser gesicht an net nees d'Diere geknuppt an eng weider Maniff ausgeruff ginn.
Op wéi eng Säit sech dann d'CGFP wäert schloen, ass nach sou eng interessant Inconnu an deem ganze Spill, wou et muer heescht "Présentez armes" - also d'Argumenter op alle Säiten op den Dësch leeën. Land a Leit hätte verdéngt, datt d'Waffe séier nees verschwannen an anstänneg an zilorientéiert matenee geschwat gëtt.